Renée Hutmacher
D'Renée Hutmacher, gebuer den 22. Mee 1956, ass eng international villfach priméiert lëtzebuergesch Teddybierméchesch, a Weltmeeschterin am Teddybitzen.
Der Renée Hutmacher hir "Carrière" als Hierstellerin vun Teddybieren huet virun ca. 20 Joer ugefaang, wéi se domat ugefaang huet, Parzeläinspoppen ze maachen. Déi hu geleeëntlech als Accessoire e klengen Teddy derbäi kritt, deen awer ganz einfach gehale war. Hir Frënn hu se dann awer iwwerriet, emol richteg Teddyen ze maachen.
Se huet mat engem Bastelpak ugefaang, deen se als Kaddo kritt huet. Dee fäerdege Bier huet hir awer net gutt gefall a si wollt e schonn ewechgeheien, mä hire Jong huet en nach am leschten Ament gerett.
Duerno huet si et mat engem eegene Schnëtt probéiert an no villem Probéieren hat se endlech e Bier, deen hir gefall huet an dee si Leonie genannt huet. Vun deem Ament un huet se keng Poppe méi gemaach, mä nëmmen nach Petzien.
Si huet am Mäerz 2009 op der Teddybär Welt zu Wiesbaden mat dem Teddy Florentine den TED World Wide Award an der Kategorie Mixed materials undressed gewonnen. Zwéi Joer virdrun hat si schonns zu Essen een Europameeschtertitel krut, an der Kategorie Teddybär Urform bis 70 cm, an eng Nominatioun an der Kategorie Künstlerteddybär unbekleidet.
Am Mäerz 2010 gouf si mat dem Teddybier Joey fir d'zweet Weltmeeschterin zu Wiesbaden.
2011 krut si den 2. Präis vum "TED worldwide Award" an der Kategorie "Masterclass/purely mechanics". Ausserdeem krut si 2011 och nach den 3. Präis an der Kategorie "Masterclass/design variation, dressed".
2012 huet se den 1. Präis vum "TED worldwide Award" an der Kategorie "Masterclass/purely mechanics" gewonn.