Rock am Ring
De Rock am Ring ass e Musekfestival um Nürburgring an der Géigend vun der Uertschaft Adenau an der Äifel. Den Open Air war uersprénglech als eemolegt Event geplangt. Wéint dem groussen Erfolleg (ca. 75.000 Besicher) gouf decidéiert, de Festival all Joer z'organiséieren. An der Regel gëtt den Evenement vu Freides bis Sonndes ëm Päischten organiséiert.
Um Rock am Ring spillen ëm 100 Bands op dräi verschiddene Bühnen: den Centerstage (déi an der Boxegaas opgeriicht gëtt), der Alternastage (déi op der Pist an der Kéier Hatzenbach opgeriicht gëtt) an déi méi kleng Clubstage (virun 2006 Talentforum genannt).
No engem groussen Abroch bei de Festivalbesicher 1988 gouf eng Paus vu zwee Joer ageluecht. 1991 ass de gréissten däitsche Rockfestival mat engem liicht iwwerschafte Konzept nees wuertwiertlech un de Start gaangen. Den Haaptaspekt vum neie Konzept louch elo dodrop, méi Newcomer dem Publikum virzestellen. Verschiddener vun den deemools onbekannte Kënschtler gehéieren haut zu deene Gréissten am Geschäft, sou zum Beispill d'Grupp INXS oder Alanis Morisette.
1993 gouf déi éischte Kéier e Parallel-Festival zu Wien organiséiert. An de Joren drop gouf aus Wien Rock in Riem, 1995 Rock im Park zu München a säit 1997 gëtt e Rock im Park zu Nürnberg, zäitgläich mam Rock am Ring an der Äifel.
E wichtegen Aspekt vum Festival ass fir vill och d'Campen ronderëm d'Festival-Areal. De Charakter vum Camping huet sech am Laf vun der Zäit allerdéngs gewandelt: Stoungen an den éischte Joren nëmme kleng Zelter doruechter, sou ginn an de leschte Joren ëmmer méi Pavillionen, Roulotten oder souguer Camionen, déi komplett Stuffenariichtungen gelueden hunn, matbruecht. Zënter e puer Joer gesi sech d'Organisatoren awer gezwongen, dëst duerch méi restriktiv Campingregelen ze ënnerbannen. Esou ginn z. B. zënter 2004 Camping a Parking strikt vunenee getrennt.
De Rock am Ring beusprocht och zënter bal 20 Joer fir sech, dee Festival ze sinn, wou déi éischte Kéier de Ruff nom Helga opgetrueden ass.