Rooibos
| Rooibos | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Rooibos-Téi |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Aspalathus linearis „Linnaeus.“ |
|||||||||||||||
Rooibos (Aspalathus linearis) ass eng Planz aus Südafrika, déi zu de Scheekefriichte (Fabaceae) gehéiert. Zënter ugangs der 1990er-Joren ass se als Friichtentéi-Planz beléift ginn. Rooibos wiisst nëmmen an den Cedar-Bierger am Südweste vu Südafrika.
[änneren] Kennzeechen
Rooitrauschtéi besteet aus de fermentéierten an gedréchenten Blieder a Stiler vum Aspalathus linearis Et ass en Opgossgedrénks, enthält awer keen Teein an och wesentlech manner Gierfstoffer wéi de Schwaarzen Téi.
[änneren] Gebrauch
Dacks gëtt den Téi och verkaaft als "Roudtrauschtéi" oder "Rooitrausch". Den Numm Rooibos staamt aus dem Afrikaans a bedeit rouden Trausch. Am Handel sinn hautdesdaags villerlee natierlech oder kënschtlech aromatiséiert Zorten ze fannen, wéi Rooibos-Vanill-Téi oder Rooibos-Orange-Téi.
Anescht wéi am schwaarzen oder am gréngen Téi ass am Rooibostéi kee Koffein a wéineg Gierfstoffer, sou datt et net zu Schlofproblemer wéinst dem Téi komme kann.
| Commons: Aspalathus linearis – Biller, Videoen oder Audiodateien |