Rosa Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Logo vun der Associatioun Rosa Lëtzebuerg

Rosa Lëtzebuerg ass eng Asbl, déi sech fir d'Rechter vun homo- a bisexuelle Leit asetzt.

Den Zweck vu Rosa Lëtzebuerg ass et:

  • d'zivil Rechter vun homo- a bisexuelle Leit ze promovéieren a géint all Zort vun Diskriminéierung géintiwwer vun de Bi- an Homosexuellen ze kämpfen,
  • Ausschaffe vun engem sozialen, kulturelle sou wéi legale Plang fir eng Gläichstellung vun homo- a bisexuelle Bierger z'erreechen.
  • d'Organiséiere vu veräinsinternen, souwéi och ëffentleche kulturellen a sozialen Evenementer am Profit vun homo- a bisexuelle Bierger.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Rosa Lëtzebuerg ass de 6. Juni 1996 vu Männer a Frae gegrënnt ginn, nodeem de Schutzalter vun Homo- sou wei Heterosexueller 1992 gläichgestallt an d' I.G.H.L., Initiativgrupp Homosexuell Lëtzebuerg opgeléist gouf. Heiduerch ass d'Theematik souwéi d'Problemer vun der LGBT-Communautéit fir eng Zäit quasi guer net méi ëffentlech thematiséiert ginn.

Ze vill schwammeg Ziler an eng ze grouss Diversitéit, wouduerch keng Eenheet z'organiséiere war, hunn der Carmen Kronshagen no, Grënnungsmember vu Rosa Lëtzebuerg, zu enger Opléisung vun der I.G.H.L. gefouert. De Marc Grond, éischte President vu Rosa Lëtzebuerg, huet de Problem bei der I.G.H.L. éischter an der Angscht vun de Membere gesinn, fir eppes an der Ëffentlechkeet z'organiséieren. D'Tatsaach, datt de Marc Grond iwwer laang Jore quasi déi eenzeg Persoun war, déi als Intressevertrieder fir d'Lëtzebuerger Homosexueller an der Ëffentlechkeet stoung, weist däitlech a wéi enger Anonymitéit Schwuler a Lesben nach zu deem Zäitpunkt versonk waren.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Den Etienne Schneider, deen 2012 Wirtschaftsminister gouf, ass Grënnungsmember vu Rosa Lëtzebuerg a war éischte Sekretär vun der a.s.b.l. Weider bekannt Memberen, déi sech aktiv an der Asbl engagéieren, sinn de Marc Angel souwéi den Andy Maar.

Am Joer 2004 hat d'asbl Rosa Lëtzebuerg ronn 200 Memberen, 35 % Fraen a 65 % Männer.

Eventer[änneren | Quelltext änneren]

Gay mat[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gay mat.

TransCulturelles[änneren | Quelltext änneren]

TransCulturelles, als schwul-lesbesche Filmfestival, war am Joer 2000 fir d'éischt Kéier an Zesummenaarbecht mat Stop-Aids, deemools nach ënner dem Numm “Festival du Film Gay et Lesbien”.

2001 ass den Numm dunn a TransCulturelles gay et lesbiennes ëmbenannt ginn. Dëst well de Filmfestival a Kooperatioun mat Organisatioune vun Nanzeg a Metz organiséiert gouf, also grenziwwerschreidend (franséisch: transfrontaliers) war. Och wann déi Zesummenaarbecht just zwee Joer ugehalen huet, ass den Numm och no 2003 nach bliwwen. Zanter 2002 hunn och Theater, Cabaret an Danz zum Festival gehéiert.

2009 war de leschte Festival Transculturelles. Aus Manktem u Personal gouf d'Organisatioun zu Gonschte vum Gaymat agestallt, dee vun 2010 un e Festival vun enger Woch gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]