… déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
... Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
… d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?