... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
... mat "Mutz vum Monomach", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
... Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
... Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?