Schaltnetzdeel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Schaltnetzdeel ass eng elektronesch Schaltung, déi Agangsspannungen (meeschtens aus dem ëffentleche Stroumnetz) a klenger oder gréisser Ausgangsspannungen erof- oder eropwandelt. Dëst geschitt dacks iwwer elektronesch Schalter (bipolar Transistoren, MOSFET, IGBT...), Induktivitéiten a Gläichriichtungselementer.

Onofhängeg vun der ugeschlossener Belaaschtung muss d'Ausgangsspannung ëmmer konstant bleiwen.

Inhaltsverzeechnes

Aarte vu Schaltnetzdeeler [änneren]

Et ënnerscheet ee grondsätzlech tëscht

Virdeeler an Nodeeler vu Schaltnetzdeeler [änneren]

Virdeeler [änneren]

Virun allem wéint der héijer Leeschtungsdicht gi se an der Industrie agesat. Awer och an anere Geräter gi se ëmmer méi dack gebraucht, sou zum Beispill a Computer, Chargeuren oder och an der Audioelektronik.

Eng vun hire wichtesten Eegeschaften ass hiren héije Wierkungsgrad, deen dacks iwwer 90% leie kann (bei normalen Netzdeeler gëtt déi meeschten Energie an Hëtzt ëmgewandelt, de Wierkungsgrad läit do dacks däitlech ënner 50% ). Dat erreecht ee mat elektronesche Schalter, déi eng primärsäiteg Spannung nëmmen dann iwwerdroe wa se och sekundärsäiteg gebraucht gëtt.

Schaltnetzdeeler sinn am Verglach zu normalen Netzdeeler och méi kompakt a weie bei wäitem net esou vill.

Nodeeler [änneren]

Duerch dat primärsäitegt Gläichriichtungselement kënnen Uewerwellen an d'Versuergungsnetz iwwerdroe ginn. Aus dësem Grond musse Schaltnetzdeeler mat enger Agangsleeschtung vun iwwer 50W zënter dem 1. Januar 2001 (EN 61000-3-2) eng Leeschtungsfaktorkorrektur (engl. Power Factor Correction) hunn.

Grondprinzip vu Schaltnetzdeeler [änneren]

Bild 1: Grondprinzip vun engem Schaltnetzdeel
Bild 2: Steierspannung bei groussem a klengem Laaschtstoum

Als éischt gëtt d'Netzwiesselspannung gläichgeriicht a geglätt. Dono gëtt déi gläichgeriicht Spannung vun engem Schalttransistor mat héijer Frequenz zerhackt. Während der Leedphase vum Transistor gëtt Energie an der Induktivitéit gespäichert a dono un de Verbraucher ofginn.

D'Regelung vun der Ausgangsspannung geschitt entweder duerch d'Verännerung vum Taaschtgrad (Verhältnes vun der Aschaltzäit zu der Periodendauer) vun der zerhackter Gläichspannung oder duerch d'Verännerung vun der Schaltfrequenz. Déi zerhackte Gläichspannung léist sech duerch d'Iwwersetzungsverhältnes vun der Induktivitéit beliebeg héich oder déif erop- oder eroftransforméieren. Dono gëtt déi Rechteckspannung, déi iwwerdroe gouf, mat enger einfacher M1-Gläichriichterschaltung gläichgeriicht a nees geglätt.

Während den Transistor bei linear Netzdeeler permanent leedent ass, gëtt d'Sperr- resp. d'Leedphase beim Schaltransistor an Ofhängegkeet vum momentane Wäert vun der Ausgangsspannung verännert. Mat dësem Prinzip gëtt d'Energie ouni gréisser Verloschter vum Netz un de Verbraucher iwwerdroen.

Am Bild 2. op der rietser Säit ass den Taaschtgrad fir d'Steierspannung vum Schalttransistor fir déi zwee Belaaschtungsfäll duergestallt. Den Taaschtgrad berechend sech sou: D = ti/T

Commons: Switched-mode power supplies – Biller, Videoen oder Audiodateien