Schluecht vu Crécy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schluecht vu Crécy
Battle of crecy froissart.jpg
Schluecht vu Crécy aus der Chronik vum Froissart
Datum 26. August 1346
Plaz Südlech vu Calais,
bei Crécy-en-Ponthieu
Resultat englesch Victoire
Kontrahenten
England Frankräich
Truppen op der Plaz
zirka 12 000 Männer 30 000 - 40 000 Männer
Honnertjärege Krich

D'Schluecht vu Crécy de 26. August 1346 huet den Ufank vum Honnertjärege Krich um europäesche Festland markéiert. An dëser Schluecht bei der franséischer Uertschaft Crécy-en-Ponthieu (Departement Somme) stounge sech d'Arméie vum Edward III. vun England a Philippe VI. vu Frankräich géintiwwer.

Obschonn d'Chroniken den Ufank vum laange Krich op 1337 setzen, erschéngen an dëser Schluecht fir d'éischt eng grouss Zuel vun engleschen Truppen op franséischem Buedem (vu wou d'Englänner 1337 duerch de franséische Kinnek Philippe VI. aus dem Haus vun de Valois verdriwwe gi waren).

D'Fransousen hu sech mat den Truppe vum Philippe VI. a sengen Alliéierte Jang dem Blannen (engem Kandheetsfrënd vum Philippe, dee sech zum Allianzdéngscht verflicht hat) a Karel I. (Jong vum Jang, ouni Lehnsverflichtungen) an enger Arméi vu vläicht (no moderne Schätzungen) zirka 25.000 Mann géint d'Truppe vum Kinnek Edward III. a sengem Jong, dem Schwaarze Prënz, gestallt. Zueleméisseg waren d'Fransousen iwwerleeën.

Iwwer den Oflaf vun der Schluecht sinn nëmme wéineg geséchert Fakte bekannt.

Fest steet, datt d'Englänner sech hanner enger Linn vu Ween verschanzt haten. Hir Truppen hu manner aus staarke Reider bestanen, mä hunn nieft enger schlagkräfteger Infanterie 11.000 Laangbouschëtzen opgebueden, déi d'klassesch gepanzert franséisch Reider schonn iwwer eng grouss Distanz vun de Päerd geschoss hunn (aus Angscht virun der Iwwerleeënheet vun de Laangbéi géintiwwer gepanzerte Ritter war dës Waff a Frankräich geächt, wat sech an dëser Schluecht batter gerächt huet).

D'franséisch Truppen hu sech virun allem aus Aarmbroschtschéisser aus Genua zesummegesat. D'Aarmbrëscht waren zwar méi treffsécher, mä haten eng méi kleng Feierkraaft am Géigesaz zu de Laangbéi (wou d'Schéisser bis zu véier Feiler an der Minutt geschoss hunn). Dësen Aarmbroschtschéisser gëtt nogesot, datt si a Panik d'Schluechtfeld verlooss hätten, an de franséische Kinnek huet d'Deserteure misse mat Waffegewalt stoppen.
De Grond fir d'Panik vun de franséische Schéisser war méiglecherweis, datt et um Dag vun der Schluecht vill gereent hat. D'Aarmbroscht war zu dëser Zäit nach komplett anescht gebaut, wéi een se haut kennt. Den Aarmbroschtbou war nach net aus Eisen, mä aus Knachematerial a gouf mat Haut- a Schankeläim zesummegehalen. Beim Reen huet sech dës Konstruktioun opgeléist.

De Verlaf vun der Schluecht, déi eréischt am Nomëtteg ugefaangen hat, huet sech zimlech séier zugonschte vun den Englänner entwéckelt; d'franséisch Arméi huet versot.

Dës Schluecht war wichteg fir déi gesamteuropäesch Politik an de Joren duerno, well si huet d'Kaarten nei gemëscht:

  • De Jong vum Kinnek Edward, de schwaarze Prënz, a spéidere Prënz vu Wales, huet no dëser Ausernanersetzung de Ritterschlag erhalen.
  • De Philippe gouf vu senge Männer gewaltsam aus der Schluecht gefouert.
  • De Jang de Blannen ass an der Schluecht ëm d'Liewe komm.
  • De Karel I., de spéidere Keeser (als Karel IV.), hat d'Schluechtfeld zimlech fréi verlooss, ouni grouss op sech opmierksam ze maachen.

Fir un d'Schluecht vu Crécy z'erënneren ass um Belair an der Stad eng Strooss dono benannt: rue de Crécy.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Battle of Crécy – Biller, Videoen oder Audiodateien