Schluecht vu Stonne

Vu Wikipedia
Monument mat den Nimm vun all de franséischen Unitéiten déi do gekämpft hunn
En Tanks B1 deen zu Stonne ofgeschoss gi war

D'Schluecht vu Stonne war eng Schluecht am Zweete Weltkrich an de franséischen Ardennen, ronderëm d'Uertschafte Stonne, Tannay, Oches a Sommauthe. Se huet vum vum 14. Mee bis den 11. Juni 1940 gedauert. An där Zäit huet déi franséisch Arméi do probéiert den däitschen Attacken tëscht der Kuer, der Meuse dem Bar an der Aisne duerzehalen. Wa se och net sou gutt iwwer d'Regioun eraus bekannt ass, sou war et dach eng vun de wichtegste Schluechten déi an der Zäit vum Westfeldzuch gefouert goufen.

14.-18. Mee: däitsch frontal Attacken[änneren | Quelltext änneren]

Op déi däitsch Attacken de 14. Mee 1940 huet déi franséisch Arméi mat Konterattacke reagéiert. Op der lénkser Hand huet den 21. Arméikorps attackeéiert, an der Mëtt stoung déi drëtt Reservepanzerdivisioun, déi duerch e Konteruerder gestoppt gouf, a riets hunn Elementer vum Generol Roucaud (1.DIC) sengen Truppe konnten e Virstouss bis op d'Meuse bei Mouzon a Pourron maachen.

D'Wehrmacht huet permanent Attacken op franséisch Positiounen am Bësch vum Mont Dieu gemaach, déi vun der 3. motoriséierter Infantriesdivisioun a vun der 3. Panzerdivisioun gehale goufen. An där Zäit gouf d'Uertschaft Stonne am Ganze siwwenzéngmol eruewert an zeréckeruewert, a gouf schliisslech vun den Däitsche besat. Vun der Uerschaft war net méi vill Rescht, a se war e grousse Kierfecht vun Tanksen. E besonneschen Exploit konnt do de Capitaine a spéidere Generol Pierre Billotte vum 41. Tanksebatailloun maachen, wéi en de 16. Mee 1940 op ee Coup 13 däischt gepanzert Gefierer (PzKW IV a PzKW III) mat sengem B1-Tanks (N° 337 EURE)[1] ofgeschoss hat.

Op all den anere Positioune konnten d'Fransousen duerhalen. Bis den 23. gouf et du just e puer kleng Reiwereien.

23. a 24. Mee: däitsch Offensiv fir d'Fransousen anzekreesen[änneren | Quelltext änneren]

Déi däitsch Offensiv gouf mat enger Truppestäerkt gefouert déi zwee bis dräimol méi grouss war wéi déi vun de Verdeedeger. Se gouf vun intensivem Artilleriesfeier ënnerstëtzt, an hat als Zil d'Koppe vum Mont Dieu a vun de Bëscher bei Sommauthe z'erueweren. D'Attacken op Tannay konnten op den Häng vun der Côte 276 mat Hëllef vun den Tankse vun der 3. DCR gestoppt ginn. D'Attacken op d'Bëscher vu Franclieu a Grand Dieulet goufe vun de senegaleeseschen Truppe vun der 6. Kolonialinfantriedivisioun gestoppt. No schwéiere Kämpf konnten den Haff Cendrières an Tannay vun der Wehrmacht besat ginn, an d'franséisch Truppe vum Mont Dieu konnte sech nach just mat Zäiten zeréckzéien, fir net agekreest ze ginn.

26. Mee bis 10. Juni:Positiounskrich[änneren | Quelltext änneren]

D'Fransousen hunn eng nei Verdeedegungslinn Sy-Oches-Sommauthe ugeluecht, déi vun enger Brigade vu Spahis a vun der 6. a 35. Infantriedivisioun besat war. Déi staark däitsch Attacke vum 9. an 10 Juni hate kee Succès. Den 11. Juni 1940 zéien déi franséisch Truppe sech zeréck fir net agekreest ze ginn. Si haten an de Kämpf an deem Secteur eng ronn 5.000 Mann verluer. Dem Géigner seng Verloschter gi méi héich ageschat.

An der Uertschaft Stonne an an der direkter Ëmgéigend gëtt et eng Hellewull Monumenter déi un déi Zäit erënneren. En historesche Circuit mat Panneaue féiert iwwer all déi wichteg Kampfplazen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Geschicht vum Tanks Eure op chars-francais.net