Sherpa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Sherpa

D' Sherpa, och Scherpa, sinn e Vollek dat am Himalaya, virun allem am Oste vum Nepal, lieft. Et ass wärend deene leschte 500 Joer, méiglecherweis aus der chinesescher Provënz Sichuan, an den Zentral- a Süd-Himalaya agewandert.

Et ginn hautdesdaags knapps 180.000 Sherpa. Den Numm heescht op Tibetesch "Vollek aus dem Osten".

An der éischter Halschecht vum 20. Joerhonnert hu britesch Alpinisten an Aventurieren bei hiren Himalaya-Expeditiounen dacks Sherpa als Guiden oder als Porteuren engagéiert. Dofir gëtt den Numm "Sherpa" och als Synonym fir dës Aktivitéite gebraucht. Esouguer am iwwerdroene Sënn gëtt bei politesche Sommetë vu "Sherpae" geschwat, fir déi Leit ze nennen, déi fir hir politesch Meeschteren d'Viraarbechte vun de Verhandlungen organiséieren.

De wuel bekanntestene Sherpa ass den Tenzing Norgay, deen als Porteur 1953 mam Edmund Hillary als éischt Mënschen op der Spëtzt vum Mount Everest war.

[änneren] Weblinks

Perséinlech Tools