Sierra San Pedro Mártir

Vu Wikipedia
Den Observatoire
De Bierg Picacho del Diablo

De Sierra San Pedro Mártir ass eng Biergketten am mexikanesche Bundesstaat Baja California, déi sech vun Norden no Süden zitt. D'Biergkette streckt sech iwwer enger Fläch vun 12.416 km². D'Nord-Süd-Ausdeenung ass 152 km, an d'Ost-West-Ausdeenung 143 km. Den héchste Punkt vun der Biergketten ass de Picacho del Diablo (Héicht 3096 m, och Cerro de la Encantada genannt, dee gläichzäiteg och héchste Punkt vum Bundesstaat an der ganzer Hallefinsel Nidderkalifornien ass.

D'Sierra San Pedro Mártir gehéiert zu de Peninsular Ranges-Bierger, déi vu Südkalifornien bis zu der Südspëtzt vun der Hallefinsel reecht. D'Sierra San Pedro Mártir huet eng änlech Flora wéi d'Sierra Juárez, virun allem am Norden. Déi niddreg Bierger leien an der Vegetatiounszon Chaparral, déi haaptsächlech a Kalifornien virkënnt. D'Bëscher op dëse Plaze si bekannt als Sierra-Juárez- a San-Pedro-Mártir-Kifer-Eeche-Bëscher. An de Bierger wuessen haaptsächlech Koloradodännen, Zockerkiferen an Jeffreys Kiferen. Am Wanter läit op den héchste Koppen Schnéi. De leschte Kalifornesche Kondor gouf am Joer 1937 gesinn. Dofir goufe gefaange Kaliforniekondoren an de Bierger nees ausgesat.

Een Deel vun de Bierger ass duerch de 650 km² grousse Nationalpark Parque Nacional Sierra de San Pedro Mártir geschützt. Hie gouf 1974 opgemaach a war den éischte vun zwéin Nationalparken op der Hallefinsel. Deen anere läit eppes méi nërdlech an der Sierra Juárez an heescht Parque Nacional Constitucion de 1857.

An der Géigend vum Picacho del Diablo op enger Héicht vun 2830 Meter steet den Observatoire Observatorio Astronómico Nacional (OAN) vun der Universidad Nacional Autónoma de México. E gouf 1975 gebaut. Dat gréisst Instrument ass en 2,12 Meter Spigelteleskop.

Déi héchst Biergspëtzte sinn:[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. Picacho del Diablo, 3096 m
  • 2. Cerro Botella Azul, 2950 m
  • 3. Scout Peak, 2850 m
  • 4. Pico Matomi, 1700 m

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]