Spuenesch Orthographie
Déi Spuenesch Orthographie baséiert sech op en Alphabet aus 26 Buschtawen vun A - Z an dräi speziell Buschtawen.
Inhaltsverzeechnes |
Vokaler [änneren]
Am Spuenesche ginn et phonetesch gesinn nëmme 5 Vokaler: /i/ /u/ /e/ /o/ /a/
Diphtonger [änneren]
Diphtong heescht wann zwéi Vokaler eng Silb bilden.
- Hallef-Vokal: e staark betountene Vokal (a, e, o) mat engem schwaach betountenem atoneschem Vokal (i, u); z. B.: aire (Loft); reina (Kinnigin), deuda (Schold).
- Hallef-Konsonant: e schwaach betountenen atonesche Vokal (i, u) mat engem staark betountenem Vokal (a, e, o); z. B. piano (Piano), fiel (tréi), antiguo (antik).
- e schwaach betountenen atonesche Vokal (i, u) mat engem anerem schwaach betounten toneschem Vokal; z. B. ruido (Kaméidi).
Triphtonger [änneren]
Triphtong heescht wann dräi Vokaler eng Silb bilden. Si bestinn aus engem Hallef-Konsonant (i/y, u) + e staark betounten tonesche Vokal + engem Hallef-Vokal (i, u); z. B. limpiais (dir botzt).
Konsonanten [änneren]
Am Spuenesche gëtt et just eng eenzeg richteg Verdueblung vu Konsonanten, an zwar den rr. Al di aner Wierder wou zwéi Konsonante virkommen, bestinn aus zwou Silben (z. B.: ac-ción).
D'Buschtawekombinatiounen ch an ll gëllen am spueneschen als charakteristesche Laut a ginn dohier, genee ewéi den ñ, als eegestänneg Buschtawen am Alphabet matgefouert.
Grondregele vun der Orthographie [änneren]
Bis op e puer Ausnahme gëtt d'Spuenescht geschriwwe wéi et ausgeschwaat gëtt.
- b a v ginn d'selwecht ausgeschwaat
- g a j ginn virum 'e' an 'i' d'selwecht ausgeschwaat
- den h gëtt guer net ausgeschwaat
- den ll an den y ginn och bal d'selwecht ausgeschwaat
No engem Punkt, um Ufank vun engem Saz, Eegennimm an offiziell Nimm gi grouss geschriwwen, soss gëtt meeschtens alles kleng geschriwwen.
Ausrufezeechen a Fragezeechen ginn am Ufank vun der Fro oder dem Ausrufsaz och nach den ëmgedréintenen Wee gesat:
¡Hola! oder ¿Cómo estás?
Demno mat watfirenem Vokal de Laut zesummekënnt, gëtt et anescht geschriwwen:
- den th - Laut gëtt virun -a, -o, -u mat z geschriwwen a virun -e, -i mat c (cero, zumo)
- de k - Laut kënnt, ausser a Friemwierder, guer net am Spueneschen vir. Et gëtt virun -a, -o, -u mat c geschriwwen a virun -e, -i mat qu (casa, queso)
- en i deen net betount gëtt, gëtt ëmmer zu engem y (caigo, cayó)