Stengeforter Stauweier

Vu Wikipedia
Ongeféiere Plang vum deemolege Stauweier
Do wou fréier de Stauweier war, huet haut d'Flora erëm d'Iwwerhand geholl.
D'Iwwerreschter vum Wier um Gebitt vun der belscher Uertschaft Nidderelter.

De Stengeforter Stauweier war d'Resultat vun der Konstruktioun am Ufank vum 20. Joerhonnert vun engem Barrage am Äischdall tëscht Stengefort a Clairefontaine an der Géigend vum Schwaarzenhaff, am Grenzgebitt tëscht Lëtzebuerg an der Belsch. Nom plëtzlechen Opginn am Joer 1926 vum fäerdeg gebaute Waasserkraaftwierk wéinst Feelplanung, gouf 1930 och den touristesche Stauweier nom Bierge vun der Läich vum erdronkene Fierschter opginn. Haut si vum fréieren Industrieprojet, deen am Zäitraum vun 1911 bis 1926 virugedriwwe gouf, just nach Reschter ze gesinn.

Geschichtleches a Benotzen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1911 koum et zu engem Verkafsofkommes tëscht der Société Jules Collart & Co (Stengeforter Schmelz) an der Felten & Guilleaume Carlswerk AG vu Mülheim bei Köln, enger Firma aus der A.E.G.-Grupp. Déi doraus nei entstane Firma ënnert däitscher Leedung gouf Eisen- und Stahlwerk Steinfort AG genannt. Déi nei Besëtzer hu grouss Investitioune geplangt: zwéin nei Héichiewe mat Konverter, en Thomas-Stolwierk, e Walzwierk an eng nei elektresch Zentral. Fir dat alles bedreiwen a killen ze kënnen, hu se och nach e grousse Stau geplangt mat enger Kapazitéit vun ongeféier 180.000 m3 op enger Fläch vun 9Ha.

Vun 1914 un gouf un engem Damm gebaut. Wéi déi Entreprise mat nëmme Buedem sech als net realisabel erausgestallt huet, gouf un enger Bëtongsmauer geschafft. Nom Enn vum Éischte Weltkrich, gouf d'Gesellschaft am Dezember 1919 un d'Société Métallurgique de la Loire verkaaft, méi spéit sollt se du Bestanddeel vun der belscher Gesellschaft Angleur-Athus ginn.

Déi ganz Installatioun vum Stau war sou no bei der belscher Grenz, datt sech erausgestallt huet datt e Stéck vu de 55 m Bëtongsmauer net méi um Lëtzebuerger Territoire war. Dowéinst huet déi Belsch Regierung am Mäerz 1919 dësen Deel vun den Anlagen (Läuterbausch) wéinst Verletzung vun de bilaterale Konventioune vun 1843 an 1886, beschlagname gelooss. Am Ufank goung rieds fir déi Mauer erëm ofzerappen, mä et gouf nach verhandelt.

Am Joer 1925 huet den Industrielle Gustave Sinner-Dupret vu Lëtzebuerg dat Stéck Terrain op belschem Territoire opkaaft. Hien krut den 10. Juni 1926 vun der Provënz Lëtzebuerg d'Erlabnes de Stau op der Äisch ze realiséieren. Säi kapitalintensive Projet war fir d'Installatioun vun engem Waasserkraaftwierk. D'Staumauer gouf op 6,5 m gehéicht, wat d'Kapazitéit op 400.000 sollt bréngen. An engem neie Gebai goufen 2 Francis-Turbinne vun 135 PS installéiert, allebéid fir en Ausfloss vun 3.500 Liter Waasser pro Sekonn ausgeluecht. An engem weidere Gebai war en Iwwerwaachungsposten mam Sall mat de Pompelen. Derbäi koum nach en Haus fir de Wiechter vun der Anlag.

Am Dezember 1926 waren déi ausgebaut Stauanlage prett fir a Betrib geholl ze ginn. Déi éischt Stonnen huet alles wéi et sollt fonctionéiert. Mä no nëmme véier Stonnen gouf de Betrib ënnerbrach. Et hat sech erausgestallt datt d'Ingenieuren e Rechefeeler gemaach haten: d'Kapazitéit vum Stau, d'Waasser wat vun der Äisch erbäikënnt an d'Kapazitéit vun den Turbinne waren net openeen ofgestëmmt. Et gouf geschat, datt wann een d'Anlag weiderlafe geloos hätt, de Stau no 15 Stonnen eidel gewiescht wier. Dëse Feeler gouf als net behiewbar ugesinn, an d'Anlag gouf opginn.

An der Tëschenzäit war de Weier, wann och nëmme fir eng kuerz Zäit, zu enger beléifter touristescher Attraktioun fir Fräizäitbeschäftegunge ginn.

Nom 17. Juni 1930 gouf de Stauweier eidellafe gelooss, fir d'Läich vum deemolege Fierschter Pierre Dostert erauszehuelen, dee beim Schwammen erdronk war. De Stauweier gouf dono net méi gestaut. Nom Zweete Weltkrich goufen d'Turbinnen ofmontéiert a verkaaft.

Hautdesdaags ass de Baseng vum Weier nees mat Bësch bewuess a just nach Iwwerreschter erënneren un de fréiere Gebrauch.

Dimensioune vum Stauweier[änneren | Quelltext änneren]

De Stauweier hat eng Waasseruewerfläch vun 10 ha, eng maximal Déift vun 8,5 m, eng Capacitéit vun zirka 400.000 Kubikmeter a war eng zirka 800 m laang an duerchschnëttlech eng 100 m breet.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Le site de l'ancien barrage hydro-électrique de l'Eisch. Dans: Chroniques 3/2018 du Cercle de la mémoire Sterpenich a.s.b.l. (pages 10–16).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stengeforter Stauweier – Biller, Videoen oder Audiodateien