Steve Kaspar

Vu Wikipedia
Steve Kaspar
Gebuer 1952
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Oktober 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler

De Steve Kaspar, gebuer 1952 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Oktober 2020[1], war e lëtzebuergesche Kënschtler.

Vun 1976 bis 1988 huet hien haaptsächlech zu Lëtzebuerg an zu Bréissel gelieft, wou e mat Performance-Konscht, Radiospiller, Klangpoesie a Molereien expermentéiert huet.

Op der Musikhochschule Köln huet hie beim Neues Musiktheater matgemaach a studéiert.[2]

Vun 1989 bis 1996 huet hien haaptsächlech gezeechent, an zanter 1997 huet hie virun allem mat Video, audiovisuellen Installatiounen a Klangkompositiounen geschafft. Hien huet Concerten a Perfomancë gemaach, zesumme mat Kënschtler wéi der japanescher Dänzerin Yuko Kominami, dem Ensembel United Instruments of Lucilin, der Trompetistin Herb Robertson, den audiovisuellen Artiste Gast Bouschet/Nadine Hilbert an dem Cellist André Mergenthaler.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Steve Kaspar ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen." rtl.lu, 06.10.2020 12:20
  2. 2,0 2,1 Steve Kaspar: Parcours biographique.