Suizid

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Suizid versteet een d'Aktioun vun engem Mënsch, dee sech selwer, ouni friem Awierkung, ëmbréngt.

Grënn fir Suiziden[änneren | Quelltext änneren]

Déi relativ dackst Ursaach fir e Suizid respektiv Suizidversuch gëtt an enger psychescher Krankheet gesinn. En héije Prozentsaz vun alle Suiziden an de westleche Gesellschafte ginn dorop zeréckgeféiert. Virun allem bei Persounen, déi un Depressioune leiden ass de Suizid méi heefeg.

Suchtkränkten a chronesch Péng ginn och den Ulass zu Suiziden, heiansdo och de wirtschaftleche Ruin, z. B. duerch Verloschter um Spilldësch.

Forme vu Suiziden[änneren | Quelltext änneren]

  • Neierdéngs gewielte Methoden (Schwäiz: 1969-2000)
    • Duerch de Strack 25 %
    • Erschéissen 24 %
    • Vergëftung duerch fest oder flësseg Substanzen 14 %
    • Erofsprangen 10 %
    • Erdrénken 9 %
    • Iwwerfueren duerch en Zuch 7 %
    • Vergëftung duerch Gase 6 %
    • Mat spatze Géigestänn 2 %

De Suizid an der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Massesuiziden[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem duebele Suizid, wou z. B. Mann a Fra oder zwee Verléifter sech zesummen ëmbrengen (Fall vum Dichter Heinrich von Kleist), gëtt och nach de Massesuizid.

  • Zu engem historesch bekannte Massesuizid koum et 70 n. Chr. zu Masada an der réimescher Provënz Judäa dem haitegen Israel, wéi d'Stad vu réimeschen Truppe belagert gouf. De Flavius Josephus erzielt, datt déi méi wéi 900 belagert Persounen an hirer Situatioun ouni Aussiicht, fräiwëlleg an den Doud gaange sinn, fir als fräi Mënschen ze stierwen.
  • Staark kommentéiert gouf och a rezenter Zäit (1994) de Massesuizid vun 61 Membere vun de Sonnentempler an der Schwäiz.

Suiziden zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet de STATEC an de Joren 2000 bis 2005 all Joer tëscht 53 (2003) an 99 (2002) noweisbar Suiziden erfaasst. Et fält op, datt d'Suiziden zu Lëtzebuerg bei de Männer ongeféier 4-mol sou dacks si wéi bei de Fraen. Ausserdeem wäicht d'Aart a Weis wéi Männer sech ëmbréngen (Erschéissen, Strack) staark vun der Manéier, wéi Frae sech suizidéieren, (Medikamenter, Erdrénken, Erofsprangen) of. Et ass rar zu Lëtzebuerg datt eng Fra sech erschéisst oder op de Strack zeréckgräift.

Dacks ass et och, datt Persounen, déi sech suizidéiere wëllen, vun der Neier Bréck erofsprangen. Dobäi ass et allerdéngs eng Kéier virkomm, datt eng Persoun, déi net an der Mëtt vun der Bréck erofgesprongen ass, an engem Bam gelant ass, a schwéier blesséiert iwwerlieft huet.

Statistik iwwer d'Suiziden zu Lëtzebuerg 2005
Aart a Weis
Zuel
Medikamenter, chem. Prod.
10
Gas
4
Strack
25
Erdrénken
4
Erschéissen
7
Erofsprangen
11
Schaarf Géigestänn
2
Aner Manéier
3
Total
66
dovun 51 Männer a 15 Fraen

Zënterhier ass d'Zuel liicht erofgaangen: Engem Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO/OMS no hu sech am Joer 2012 56 Leit zu Lëtzebuerg d'Liewe geholl, wouvunner 42 Männer a 14 Fraen, wat enger Quot vun 10 Fäll op 100 000 Awunner entsprécht. Am Verglach mat sengen Nopeschlänner huet Lëtzebuerg déi niddregst Quot.[1]

Am Juli 2015 huet de Gesondheetsministère den éischte nationale Preventiounsplang fir 2015-2019 mat 33 Moossname presentéiert[2],[3],[4]. No dësem Rapport gouf et am Joer 2014 offiziell 85 Doudesfäll duerch Suizid. 2% vun allen Doudesfäll géifen zu Lëtzebuerg duerch Suizid geschéien. Déi Zuele sinn awer Schätzungen an d'Donkelziffer läit wuel e gutt Stéck driwwer. Eng vun 10 Persounen hätt schonn op d'mannst eemol déi Manéier ze stierwen envisagéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Durkheim, Émile: Le suicide, PUF, Éischt Editioun: 1897 (gouf puermol nei opgeluecht)
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg, Institut grand-ducal, section des sciences morales et politiques, 1979.
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg. L'évolution séculaire des suicides au Luxembourg. Variables socio-personnelles du suicide, an: Luxemburger Wort, Jg. 131(1978), n° 123, p. 3 ; n° 124, p. 3 ; n° 126, p. 3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Suizid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Preventing suicide. A global imperative." WHO, September 2014.
  2. Den nationale Preventiounsplang op der Websäit vum Gesondheetsministère Gearchiveerd op 2015-10-09. Gekuckt de(n) 2015-08-01.
  3. Selbstmordfälle sollen dank Aktionsplan sinken op wort.lu vum 29. Juli 2015
  4. Steve Bissen, „Plan national de prévention du suicide pour le Luxembourg 2015-2019“, Hilfe für Suizidgefährdete. Insgesamt sind 33 Maßnahmen vorgesehen, um die Selbstmordrate in Luxemburg zu verringern, Luxemburger Wort, 30. Juli 2015, S. 16