Ténéré
D'Ténéré ass eng Sandwüst an der südlecher Sahara am Norde vum Niger a gëtt och d'Wüst vun de Wüste genannt.
Beschreiwung [änneren]
Den Numm Ténéré kënnt aus der Sprooch vun den Tuareg an heescht Land do baussen (einfach iwwersat och: Wüst). Innerhalb vun der Wüsteregioun, net wäit ewech vun der Uertschaft Tiguidit, läit eng besonnesch grouss Fundstätte vun Dinosaurierfossilien.
Den nërdlechen Deel vun der Ténéré-Wüst ass eng flaach Kiselstengwüst. De südlechen Deel dogéint besteet haaptsächlech aus méi oder manner héijen Sanddünenzich, déi deelweis iwwer honnert Kilometer laang sinn. Am ëstlechen Deel vun der Ténéré läit d'Kaouar-Dall mat den Oasen Séguédine, Aney, Dirkou a Bilma. An Nord-Süd-Richtung huet dësen Ofschnëtt eng Ausdehnung vun ongeféier 160 km. Am Weste gëtt d'Ténéré duerch den Aïr begrenzt. Den Aïr an d'Kaouar-Dall leien ongeféier 500 km auserneen.
Nërdlech vun der Strooss Agadez-Fachi erstreckt sech zënter 1988 d'Aïr an Ténéré Naturreservat, dat zënter 1991 zesumme mat den nërdlechen Deeler vun den Aïr-Bierger zur Weltnaturierfschaft vun der UNESCO gehéiert. An dësem Deel vun der Wüst gëtt et 300 bis 400 m héich Sanddünen. Et ass mat 7,7 Milliounen Hektar dat gréisste Schutzgebitt vun Afrika. Zënter den Opstänn vun den Tuareg am Joer 1992 steet d'Gebitt op der Rouder Lëscht vun de gefährtene Weltierfschaften.
De Bam vun der Ténéré [änneren]
An der Mëtt vun der Wüst stoung als eenzege Bam am Ëmkrees vun e puer honnert Kilometer den Arbre du Ténéré. Hie gëllt als eenzegt Bamexemplar, dat ausdrécklech op enger Kaart am Moossstaf 1:4.000.000 agezeechent ass bzw. war.
Dëse Bam, eng Schiermakazie, déi de Karawanen an de Camionschaufferen als Orientéierungspunkt gedéngt huet, gouf 1973 vun engem Camionschauffer ëmgerannt. Als vun den Nomaden (meeschtens Tuareg) respektéierte Bam huet e virdrun trotz dem allgemenge Mangel u Brennholz Joerhonnerten iwwerdauert.
Den Arbre du Ténéré gouf spéiderhin an den Nigerianeschen Nationalmusée bruecht a krut do eng Éiereplaz an engem eegene Pavillon. E gouf ufanks duerch eng, mëttlerweil zwou, bamähnlech Metall-Skulpturen ersat.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ténéré – Biller, Videoen oder Audiodateien |