Tilde
| Ã | ã |
| Ẽ | ẽ |
| Ĩ | ĩ |
| Ñ | ñ |
| Õ | õ |
| Ũ | ũ |
| Ṽ | ṽ |
| Ỹ | ỹ |
Tilde ass den Numm vum diakriteschen Zeechen ~. D'Tilde steet meeschtens iwwer (méi sielen ënner) engem Buschtaf; an den Naturwëssenschaften ass se en eegestännegt Symbol. Den Numm kënnt aus dem Latäin titilus (Tableau, Schrëft uewendriwwer).
[änneren] Bei Sproochen
An der portugisescher Schreifweis gëtt d'Tilde iwwer de Vokaler 'a' an 'o' gebraucht, fir unzeweisen, datt déi nasaléiert (duerch d'Nues) ausgeschwat ginn (/ã/ an /õ/). Am internationale phoneteschen Alphabet huet se déi selwescht Fonctioun.
Am Spuenesche steet d'Tilde iwwer dem /N/, fir unzeweisen, datt deen wéi [ɲ] ausgeschwat gëtt (wéi an "España"). Och aner Sproochen, ewéi Baskesch, Bretonesch, Estesch oder Vietnameesesch gebrauchen d'Tilde.
[änneren] Naturwëssenschaften
An den Naturwëssenschaften gëtt mat der Tilde ausgedréckt, datt zwou Saachen an engem gläiche Verhältnes zuenee stinn (proportional sinn); z.B. fir unzeginn, datt eng ofgeluechten Distanz s proportional zu der ofgeluechtener Zäit t ass, kann ee schreiwen: s ~ t.
Zwee iwwertenee geschriwwen Tilden drécken aus, datt eppes ongeféier eppes anerem entsprécht: z.B. π ≈ 3,14169.