Tyria jacobaeae

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tyria jacobaeae
Systematik
Räich: Déireräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Päiperleken
Famill: Arctiidae
Ënnerfamill: Arctiinae
Gattung: Tyria
Wëssenschaftlechen Numm
Tyria jacobaeae

Tyria jacobaeae ass eng Päiperleksaart aus der Famill vun den Arctiidae.

Se huet eng Spanwäit vun 3,5 bis 4,5 cm a flitt vun Abrëll bis Juli doruechter. Et gëtt just eng Generatioun am Joer.

Raup [änneren]

D'Raupe sinn opfälleg giel a schwaarz gesträift an erniere sech vu Juli bis September bal nëmme vun de Blieder a Bléie vum Jakobsstaf (Senecio jacobaea). Well dës Planz gëfteg ass, si se net genéissbar fir hier Friessfeinden, sou dass se trotz der opfälleg Fierwung zwar liicht erkannt, awer meeschtens mat Rou gelooss ginn.

De Wanter verbréngen se als Popp ënnert dem Buedem.

Kuckt och [änneren]

Raup