US-Monument Bäerdref

Vu Wikipedia
US-Monument Bäerdref
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Koordinaten 49°48'47,2460"N, 6°20'28,5302"O
Ageweit 1986
Material Steen

D'US-Monument zu Bäerdref ass e Krichsmonument, dat un déi 10. Armored Division erënnert, déi zu Bäerdref um Ufank vun der Ardennenoffensiv hir Stellung verdeedegt huet. Et steet an der Konsdrëffer Strooss, um Ausgang vum Duerf, do wou de Laangebësch ufänkt.

D'Monument gouf 1986 op Initiativ vum Syndicat d'initiative an dem Cercle d'études sur la bataille des ardennes (CEBA) ageweit. D'Form vum Monument ass d'Silhouette vum Lëtzebuerger Land. D'Opschrëft vum Monument ass:

In Honor to the
10th US armored division
Battle of the bulge
1944-1945[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Centre national de la Résistance, boîte 507