Ubu roi (Skulptur)

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ubu roi
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Koordinaten 49°36'9,403"N, 6°8'10,147"O
Material Stol
Kënschtler François Valentiny

Ubu roi ass den Numm vun enger monumentaler stole Skulptur aus dem Joer 1995. Se ass vun "hermann & valentiny", dem Architektebüro vum Hubert Hermann a François Valentiny.

D'Skulptur steet zu Bouneweg, op der Limitt mam Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, op der Kräizung tëscht der Bouneweger Strooss an der Rue du Laboratoire.

Et ass eng keegelfërmeg Struktur vu knapps 4 m Héicht, aus där uewen zwou, uewe méi breet wéi ënnen, Formen erauskommen, déi een als Äerm, Flilleken, oder Änleches interpretéiere kéint. S'ass ganz mat Wantergréng bewuess.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]