Université Michel de Montaigne Bordeaux III

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Offizielle Logo
Bordeaux III am Februar 2012

D'Université Michel de Montaigne Bordeaux III ass eng franséisch Universitéit an der Banlieue vu Bordeaux am Departement Gironde. Si ass eng vun de véier Universitéite vu Bordeaux a vun de fënnef Universitéiten an der Aquitaine. Hir Haaptfakultéite si Sproochen, Geschicht, Geographie a Konscht. 2008 waren do 14.300 Studenten ageschriwwen. D'Universitéit hat 2011 e Budget vun 86,9 Milliounen Euro.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Universitéit huet hir Originnen an der Université de Bordeaux, déi de 7. Juli 1441 op Uerder vum Poopst Eugène IV gegrënnt gouf. 1793 während der franséischer Revolutioun opgeléist, gouf si ënner dem Napoléon Bonaparte nei organiséiert.

1970 ass déi al Universitéit an dräi neier opgedeelt ginn. 1995 ass nach eng véiert dobäi komm. D'Faculté des Lettres krut den Numm Université Bordeaux III an huet sech 1990 nom bekannte franséische Philosoph a Politiker Michel de Montaigne benannt.

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]