Vallis Snellius

Vu Wikipedia
Vallis Snellius (Äerdmounddall)
De Vallis Snellius an de Vallis Rheita; Foto vum LROC - DTM).
Eegenschaften
Breet - 30,48 S
Längt 57,93 O
Duerchmiesser 640 km
Genannt 1964 nom Krater Snellius

De Vallis Snellius ass e Mounddall. Zesumme mam Vallis Rheita, dee méi wäit südlech läit, an a bal der selwechter Richtung leeft, si si déi längst Däller um Äerdmound. Wéinst der staarker Erosioun duerch Krateren déi driwwer leien ass et allerdéngs schwiereg, de Laf vum Dall auszemaachen.

De Krater Snellius huet den Numm fir den Dall ginn a läit ongeféier an der Mëtt. Vun do aus leeft den Dall an nordwestlecher Richtung bis an d'Géigend vum Krater Borda. De Laf a südëstlecher Richtung ennt nërdlech vum Krater Furnerius.

Den Numm vum Dall gouf vun der I.A.U. am Joer 1964 verginn.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]