Vert Buisson

Vu Wikipedia
Vert Buisson
En Haus an der Cour
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Theux
Koordinaten 50° 27’ 50’’ N
      05° 46’ 58’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4910

Vert Buisson[1] ass eng kleng Uertschaft an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck a Wallounien.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Vert Buisson zur fréierer Gemeng La Reid gehéiert.

Vert Buisson läit op enger Héicht vu 420 Meter an der historescher Géigend Porallée an op der Vèquée engem Wee aus dem Mëttelalter deen do Léck mat der Abteistad Stavelot verbonnen huet. Duerch d'Uertschaft leeft den Ninglinspo eng vun de schéinste Baachen an der Belsch déi um Plateau südlech vu Vert Buisson hir Quellen huet.

D'Uertschaft besteet aus dem alen Duerfkär Cour genannt. an aus ronn enger Dosen Haiser déi an de leschte Joerzéngte labber verdeelt op de Weeër ronderëm gebaut goufen.

D'Cour mat sengen Haiser ass eng eenzegaarteg Anlag an der Ëmgéigend. D'Haiser si sou unenee gebaut datt vu baussen den Androck vun enger Ferme carrée entsteet. No bausse gëtt et praktesch keng Lächer an de Maueren, an d'viischt Dieren, d'Stalldieren an d'Scheierpaarte sinn all op der bannenzeger Säit vun der sougenannnter Cour. Déi al Haiser si mat Material aus der Géigend gebaut, d'Gewänner sinn aus bloen Hasteng aus dem Dall vun der Amblève an de Rescht vun de bis 80 cm décke Maueren ass mat Mollongen aus Sandsteen a Quarzit aus dem Venn gebaut. Se sinn hallef ënnerkellert wat mat sech bréngt, datt all Stack gedeelt ass an zur Hallschent an der Héicht versat ass. Dräi Haiser sinn als Referenzwierker vun der wallounescher Architekturierfschaft klasséiert.

Vun ëm déi 1200 un, war do e Relais op der Vecquée oder Voie de Liège an an enger klenger Brauerei gouf Béier gebraut fir d'Leit op der Rees z'erfrëschen.[2]

Kuckeswäertes an der Géigend[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Dall vum Ninglinspo
  • Den Domaine Haut-Maret mat senger Bichenallée an der Charmille, eng Hobichenhéck déi als Tunnel ugeluecht ass.
  • Am Ufank vun der Charmille, d'Kräiz vun der Victoire de Behr, déi do dout fonnt gi war.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der Gemeng Theux

Sektiounen: La Reid · Polleur · Theux
Aner Uertschaften: Becco · Bronromme · Desnié · Fays · Hestroumont · Hodbomont · Jehanster · Jehoster · Jevoumont · Juslenville · Marché · Mont · Oneux · Pouillou-Fourneau · Raborive · Rondehaie · Sassor · Sasserotte · Spixhe · Tancrémont (en Deel) · Vert Buisson · Winamplanche

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vert Buisson ass d'Schreifweis déi een op de Kaartewierker erëmfënnt an déi och sou um Uertschaftschëld steet. D'Gemeng gebraucht och op hirer Websäit Vertbuisson
  2. Informatiounspanneau am Duerf