Villa Kutter

Vu Wikipedia
Villa Kutter
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lampertsbierg
Adress 94, Avenue Pasteur
Koordinaten 49°37'21,4"N, 6°7'0,9"O
Baustil Bauhaus
Architekt(en) Hubert Schumacher
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1929
Zweck Wunneng, Atelier
Neibau/Renovéiert 2022-2023

D'Villa Kutter ass e Gebai an der Stad Lëtzebuerg, um Lampertsbierg an der Pasteur-Avenue, dat 1929 no Pläng vum Architekt Hubert Schumacher am Bauhaus-Stil als Wunnhaus an Atelier fir de Moler Joseph Kutter a seng Famill gebaut gouf. No ettlechen Ëmännerunge gouf et 2022-23 renovéiert an nees sou wäit wéi méiglech an den ursprénglechen Zoustand zeréckversat.

D'Villa Kutter gouf den 19. Juli 2018 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den Nationale Architekturierfschafte klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Koppel Josef Kutter a Rosalie Seldmayr huet sech 1924 an der Stad néiergelooss an 1927 Pläng agereecht, fir sech an der Pasteurstrooss en Haus ze bauen.[2] Dëse gouf awer net realiséiert; ma en zweeten Entworf, vum Hubert Schumacher, dee frësch vun der Uni koum, ass dann 1928-29 gebaut ginn. Et war dat éischt Haus zu Lëtzebuerg, dat vum Bauhaus-Stil inspiréiert war, mat senge véiereckege Formen, de riichte Linnen an engem flaachen Daach.

Ma schonns 1937 goufen éischt Ännerungen um Huas gemaach: no Pläng vum Tony Biwer goufen Arkade bäigebaut. E puer Joer drop, matzen am Krich an ee Joer nom Kutter sengem Doud, gouf 1942 no Pläng vum Arthur Thill en Daach am Stil vu bayeresche Landhaiser op d'Haus gesat. Warscheinlech war den Terrassendaach schold u Probleemer mat Fiichtegkeet, ma den neien Daach huet mat sech bruecht, datt vum ursprénglechen Design bal näischt méi ze gesi war. 1981 gouf bannenan ëmgebaut, am Atelier gouf mat engem Kamäin an enger Bibliothéik déi ganz Mauer vis-à-vis vun de Fënsteren zougesat, sou datt net méi vill vum Atelier iwwreg blouf.

Enn 2010er Joren huet eng Kënschtlerkoppel, déi mat der Famill Kutter befrënt ass, d'Villa kaf, an se vun der Architektin Diane Heirend nees sou wäit wéi méiglech an den ursprénglech vum Schumacher geplangten Zoustand zréckbaue gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erwan Nonet: "La délivrance de la Villa Kutter." d'Lëtzebuerger Land 23.02.2024, S.17-18.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Nonet 2024 an der Literatur.