Voulpaix

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Voulpaix
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Wope vun der Picardie Picardie
Departement Blason département fr Aisne.svg Aisne
Arrondissement Vervins
Kanton Vervins
Code Insee 02826
Postcode 02140
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 50’ 24’’ N
     03° 49’ 53’’ O
Fläch Uertschaft  1 155 ha
Bevëlkerung Uertschaft  389 (2006)
Kierch vu Voulpaix

Voulpaix ass eng eng Gemeng am franséischen Departement Aisne an der Regioun Picardie, an an der natierlecher Géigend Thiérache.

D'Uertschaft vedeelt sech op 2 Häng riets a lénks vun der Baach Le Beaurepaire, an duerch d'Uerschaft féiert d'Deparmentale D 960.

Nopeschgemenge sinn, Laigny, Fontaine-lès-Vervins, Saint-Pierre-lès-Franqueville, Lemé a La Vallée-au-Blé.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter bis 1438 hat Voulpaix eng eegen Herrschaft. Duerno gouf et bis zur franséischer Revolutioun Besëtz vun den Häre vu Vervins.

Bei der Revolutioun gouf Voulpaix zesumme mat dem Weiler La Vallé aux Bleds eng Gemeng. De 15. Juli 1829 gouf déi Uertschaft eng eegestänneg Gemeng a krut 1961 den Numm La Vallée-au-Blé.

Häre vu Voulpaix[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy I. vu Voulpaix (?-?): ?-1120?
  • Clarembaud vu Voulpaix, (säin 1. Bouf) 1120-1144?
  • Mathieu I. vu Voulpaix, (säin 2. Bouf) 1144-1169
  • Guy II vu Voulpaix, (Bouf vum Mathieu I) 1180-?
  • Mathieu II vu Voulpaix, 1236-1274?
  • Gérard vun Neufmenil, 1324-1353?
  • Jean I vu Beaurepaire, 1353-1363
  • Jean II vu Beaurepaire, 13,.?
  • Bicher le Bosseux, 1438.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Reschter vum Schlass dat 1838 zerstéiert gouf.
  • D'romanesch Kierch, déi eng befestegt Kierch ass, wéi et der en etlech an der Thiérache gëtt. De Patréiner vun der Kierch ass den Hellege Quentin, vun deem eng Reliquie an der Kierch ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]