Vullegripp
D'Vullegripp, och Aviär Influenza genannt, ass eng duerch Viren ervirgeruffen Déierekränkt, déi Hénger, Schnuddelhénger, Gänsen, Schwanen, Inten, wëll Waasservullen an aner Vulle befale kann. Bei enger Infektioun mat den aggressivste Variante vun deene Viren féiert si meeschtens zum Doud vun den infizéierten Vullen, ausser wann déi Vullen, déi ugestach goufen, zu den Reservoirwierten vun den Erreger gehéieren. E puer Variante vun de Vullegripp-Viren, besonnesch d'Variant A/H5N1, sinn an Eenzelfäll och op Mënschen an Zoodéiere wéi Leoparden iwwerdroe ginn.
D'Vullegripp gouf fir d'éischt 1878 an Italien beobacht. No widderhueltenen Ausbréch an den 1930er Joren an Europa (Kontinent), Amerika an Asien taucht de Virus eréischt 1983 op en neits op; an Irland an den USA goufen deemools Millioune Vigel doutgemaach. Weider Ausbréch goufen et 1992 a Mexiko an 1997 zu Hongkong.
2005 an 2006 ass se nees um Virmarsch, als éischt laang Zäit just op Asien beschränkt, mee dono och an Europa an an Afrika.
[änneren] Um Spaweck
- Informatioune vun der Lëtzebuerger Regierung
- Websäit iwwer Vullegripp vum däitsche Bundesministär fir Ernierung, Landwirtschaft a Verbraucherschutz
- Vullegripp-Websäit vum Robert Koch-Institut
- Lescht Statistike vun der "l'Organisation Mondiale de la Santé Animale" (OIE)
| Commons: Avian influenza – Biller, Videoen oder Audiodateien |