Wäisse Stuerk

Vu Wikipedia
Wäisse Stuerk
E Wäisse Stuerk

E Wäisse Stuerk
E Wäisse Stuerk
Aner Sproochen: de: Weißstorch
fr: Cigogne blanche
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Ciconiiformes
Famill: Ciconiidae (Stuerken)
Gattung: Ciconia (Stuerk)
Aart: Wäisse Stuerk
Wëssenschaftlechen Numm
Ciconia ciconia
(Linnaeus, 1758)

De Wäisse Stuerk (Ciconia ciconia) ass eng Zuchvullenaart aus der Famill vun de Stuerken (Ciconiidae).

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss Stuerke si ronn 80 bis 100 cm laang an hunn eng Fligelspanwäit vun 200 bis 220 cm. Si hu wäiss Fiederen um Kierper, déi un de Flilleke si schwaarz. De Schniewel an d'Patte si roudelzeg. Wäiss Stuerken hunn e Gewiicht vun enger 2,5 bis 4,5 kg. Si hu keng haart Stëmm, dofir verstännege se sech doduerch, datt se mat hirem Schniewel klabberen.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

De Wäisse Stuerk frësst klengt Gedéiesch, dat en um Buedem fënnt, wann en duerch d'Wisen an d'Suppe stuerkt, an dann op een Zock mat sengem Schniewel paakt: Reewierm, Insekten, Fräschen, Mais, Fësch, Schlaangen an och alt emol Déierekadaveren, a seelen d'Eeër oder d'Brutt vun aner Vullenaarten, déi um Buedem bréien.

Habitat[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Gréng: Bruttgebidder
Blo: Iwwerwanterungsgebidder
Rout: Zuchrouten.

Migratioun[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stuerk a Fabelen an an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stuerk zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Stuerkekoppel op der Lameschmillen beim Naschtbau, 2013.

Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert era war de Wäisse Stuerk zu Lëtzebuerg geleefeg. Duerno huet en do als ausgestuerwe gegollt. 2013 konnt op der Lameschmillen, am Naturschutzgebitt Dumongshaff, eng éischt Kéier nees eng Koppel observéiert ginn, déi do hiert Nascht gebaut huet, an zwee (ufanks véier) Jonker opgezillt huet.[1] Zanterdeems goufen nees all Joers (Stand 2021) eng oder méi Koppelen zu Lëtzebuerg gesinn, déi probéiert hunn, Klenger opzezillen.[2]

2014 gouf de Wäisse Stuerk vun der Asbl natur&ëmwelt als Vull vum Joer erausgesicht.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ciconia ciconia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Der Weißstorch: ein sympathischer Vogel zurück in Luxemburg." op naturemwelt.lu (gekuckt: 2014-06-16).
  2. "Mehrere Weißstorchpaare nisten in Luxemburg." wort.lu, 25.04.2021.
  3. Cf. Lorgé, Patrick, 2014. De Wäisse Stuerk: Vogel des Jahres 2014. Regulus 4: 16-17.