Walhai
| Walhai | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
E Walhai |
|||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Rhincodon typus „A. Smith“ 1828 |
|||||||||||||||
De Walhai (Rhincodon typus) ass dee gréisste vun den Haienaarten, déi haut existéieren, an och dee gréisste liewege Fësch.
Dat gréisste bis haut gemoossent Exemplar war 13,7 m laang, et sollen der awer och nach méi grousser gesi gi sinn. Walhaien ernieren sech vu Plankton an anerem ganz klengem Gedéiesch, andeems se Waasser asuckelen a filtréieren. Se sinn deemno ongeféierlech fir de Mënsch.
De Walhai ass déi eenzeg Aart vun der Gattung Rhincodon, déi hirersäits déi eenzeg Gattung bannent der Famill Rhincodontidae ass.
Walhaien hunn eng groelzech, brongelzech oder bloelzech Faarf. De Bauch ass hell gefierft, um Réck si Flecken a Sträifen, déi a queesche Linnen ugeuerdent sinn. Seng grouss Maul geet iwwer déi ganz Breet vu senger flaacher Schnëss. Se huet eng 3600 kleng Zänn, déi an enger 300 Reien no beienee stinn.
Walhaie sinn ronderem d'Welt a waarmen, tropeschen a subtropesche Mierer ze fannen. Se planzen sech eréischt am Alter tëschent 10 an 30 Joer virun a kënne bis alt 100 Joer al ginn.
[änneren] Literatur
- Joseph S. Nelson, Fishes of the World, John Wiley & Sons, 2006, ISBN 0-471-25031-7
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Walhai – Biller, Videoen oder Audiodateien |