Wandmillen Nidderwolz

Vu Wikipedia
D'fréier Wandmillen

D'Wandmillen zu Nidderwolz ass bis haut als ee Gebai (ouni d'Flilleken) erhalen, dat zu Nidderwolz am Lieu-dit Bei der Wandmillen steet.

D'Gebai ass aus Mollongen an huet en Duerchmiesser vun 10,50 m.[1] Et war eng Tuermmillen vum hollänneschen Typ mat 4 Flilleken, déi eng 12 m laang waren, an déi op enger Dreifachs an der Hauf souzen, déi dem Wand no gedréint konnt ginn.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Juni 1766 kruten déi Wëlzer Gierwer Nicolas Hobscheid an de Michel Servais vum Grof Théodore François de Paule de Custine de Wiltz d'Autorisatioun, zu Nidderwolz eng Wandmillen opzeriichte fir hir Gierwerei.[1] Domat ass d'Lou gemuel ginn, fir mam Tanin, deen dran ass, d'Hait zu Lieder ze verschaffen. Et gouf an der Zäit 11 Loumille laanscht d'Baach Wolz, an 3 an der Stad Wolz. Dës ass déi eenzeg, déi dovun erhalen ass[2]

1824 gouf d'Mille verkaf. Duerno war se beim Kadaster als Woll-Spënnerei, resp. als landwirtschaftlecht Gebai agedroen. 1874 huet de Blëtz an d'Gebai ageschloen, an et ass bal ganz verbrannt.[1]

D'Gebai gouf 1959 an 1988 restauréiert, awer ouni d'Flilleken. Et goufe Fënstersteng agebaut a Lächer an der Mauer zougemaach. Dat ronnt Gebai krut en 12-eckegen Daach a Form vun enger Pyramid.[1]

Haut ass d'Gebai a Privatbesëtz a gëtt als Scheier, resp. Garage benotzt.

Den 11. Juni 2007 gouf et op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Emile Erpelding: Les anciens industries des moulins à vent de Niederwiltz, in: Livre d'Or, Harmonie Grand-Ducale Municipale Wiltz 1794 - 1994, Imprimerie Saint Paul S.A., Luxembourg 1994, S. 377-451.
  2. 2,0 2,1 Panneau bei der Millen; Sentier culturel, 27.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).