Louhecken

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

D'Louhecken (fr.: taillis de chêne) sinn eng duerch de Mënsch entstane Bëschform aus Eechen, déi laang Zäit duerch déi fréier Industrie vum Tanin op eng ganz speziell Aart a Weis genotzt ginn ass an hautdesdaags d'Landschaftsbild am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek nach prägt.

Louhecken zu Lellgen mat der Lohrblumm
Louhecken zu Lellgen mat der Lohrblumm

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschichtleches a Bedeitung

Déi éischt Louhecke sinn am Éislek virun zirka 300 Joer gewuess. Bis dohinn hunn haaptsächlech Bichen an op waarme Südhäng och Drauweneeche gestanen. Obwuel d'Schiferbiedem am Éislek sech net ganz gutt gëeegent hunn, sinn dach déi meeschte Louhecken am Norde vum Grand-Duché entstanen. Vereenzelt gouf et der awer och op der Musel a bei Iechternach, déi allerdéngs schonns 1903 erëm verschwonne waren.

Wéi am Ufank vum 18. Joerhonnert den Tanin aus den Eecheschuelen als Gierfstoff entdeckt gouf, kruten d'Eechen eng grouss wirtschaftlech Bedeitung. Sou koum et, datt ëm 1830 am Grand-Duché eng 100 Gierwereien implantéiert waren, déi haaptsächlech am Éislek louchen (eng 16 eleng zu Wolz). Den Héichpunkt vun de Louhecken huet mat der Ubannung vu Lëtzebuerg un den däitschen Zollveräin 1842 ugefaangen. Vun deem Zäitpunkt un, war déi preisesch Arméi den Haaptclient vun der lëtzebuergescher Liederindustrie. Mat der grousser Nofro no Eecheschuelen si schliisslech vill Bichebëscher duerch Louhecken ersat ginn. Dobäi sinn haaptsächlech Stilleechen ugeplanzt ginn, déi bis dohinn am Éislek kaum virkomm sinn. D'Louhecken hunn de Baueren an den Doléiner eng zousätzlech Akommesquell ginn, a schliisslech hunn déi vill Loumillen a Gierwereien nei Aarbechtsplazen an der Regioun geschaf.

Zënter 1870 ass et lues mat der wirtschaftlecher Bedeitung vun de Louhecke biergof gaangen. Vun do u si Gierfstoffer aus dem Ausland importéiert ginn, déi méi bëlleg waren, an de Virgank vum Gierwe verkierzt hunn. Kuerz Zäit drop sinn déi chemesch Gierfstoffer op de Marché komm, déi an der Liederfabrikatioun genotzt ginn. Sou koum et, datt zënter dem Zweete Weltkrich am Grand-Duché kaum nach Lou gewonne gëtt.

[Änneren] Bewirtschaftung a Louschläissen

D'Louhecken sinn all 20-30 Joer, well dann de Gehalt un Tannin am héichsten ass, zur Notzung vun der Schuel an Holz ëmgehaen (op de Stack gesat) ginn. D'Eeche kënne gutt aus dem Wuerzelstack nees nei ausschéissen, sou datt dat typescht Bild vun de Louhecken mat méi Stämm aus engem Wuerzelstack entsteet. Mat Zäit zu Zäit hunn awer missen déi al Wuerzelstäck duerch nei Uplanzungen ersat ginn.

Rësser, Kromm a Louschlëssel
Rësser, Kromm a Louschlëssel

Virum Ëmhae vun den Eeche si schonns am Februar-Mäerz an de Louhecke Beem an Träisch mat Ausnam vun den Eechen geraumt an zu Brennholz verschafft ginn. Am Mee-Juni, wann d'Schuel sech am beschte vun dem Stamm erofhuele léisst, ass mam Schläisse vun der Lou ugefaange ginn. Dobäi ass fir d'éischt dat klengt Geäscht mat der Kromm erofgeschloe ginn a schlisslech op Maanshéicht d'Schuel rondrem de Stamm ageschnidde ginn a mam Rësser zwee bis dräi Mol an der Längt opgeschlitzt ginn. Mam Louschlëssel ass de Stamm geschielt ginn a schliisslech e Meter iwwert dem Buedem ugeseet ginn, sou datt de Stamm nach um Stomp hänke bliwwen ass an een en op Aarbechtshéicht beim Schläissen hat. All zwee Meter huet een de Bamstamm nees rondrem ageschnidden a geschielt. An der Héichzäit vun de Louhecken huet een och dënn Staangen an Äscht (Louklëppelen) geschielt. Dës Aarbecht, bäidär d'Äscht mat engem Hummer op engem Stee geklappt gi sinn bis d'Schuel sech geléisst huet, ass haapsächlech vu Kanner oder eelere Leit gemaach ginn. D'Lousträife sinn zu ongeféier 25 kg schwéier Botte gebëndelt ginn, am Bësch virgedréchent ginn a fir se schliisslech ganz ze dréchnen heem bruecht ginn. D'Holz ass zu Brennholz zougeschnidde ginn.

Nom Ofhëlze vun den Eechen a virun deem datt sech en neie Bësch nees forméiere konnt, sinn dacks d'Fläche fir eng Tëschenzäit landwirtschaftlech genotzt ginn. Dobäi si fir d'éischt d'Laf an d'Holzreschter, dacks mat engem Laffeier (eng Saang brennen), verbrannt ginn. Dat éischt Joer am Hierscht huet ee Kar geséit, deen dat zweet Joer rekoltéiert gouf a schliisslech am drëtte Joer ass Wëllkar ageséit a rekoltéiert ginn.

[Änneren] Liewensraum Louhecken

Gerad well d'Louhecken duerch Notzung vum Mënsch entstan sinn, si si en ofwieslungsräiche Liewensraum. Je no Alter bidden d'Louhecke verschiddenen Déieren- a Planzenaarten e Liewensraum. Well de gréissten Deel vun de Louhecken a Privatbesëtz ass a sech aus klenge Parzellen zesummesetzt, ass och nëmmen all Joers e klengen Deel vun hinnen op de Stack gesat ginn, sou datt e Mosaik aus Fläche vun ënnerschiddlechem Alter a Struktur entstan ass.

Als charakteristesch Déierenaart, déi vum Strukturreichtum vun de Louhecke profitéiert ass d'Bëschhong (Tetrastes bonasia). De scheie Bëschvull brauch Bëscher mat vill Träischer, déi him Deckung an Nahrung bidden. Ginn d'Louhecken net méi bewirtschaftet, sou gëtt de Liewensraum Louheck fir d'Bëschhong oninteressant a verschwënnt. En anert Déier wat Virdeeler aus de Louhecken zitt ass zum Beispill d'wëll Kaz (Felis silvestris).

[Änneren] Zukunft vun de Louhecken

[Änneren] Loufest am Kiischpelt

D’Uleies vum „Loufest“ ass, déi al Traditioun vum „Louschläissen“ um Liewen ze erhalen an engem breede Publikum erëm bekannt ze maachen. Et ass déi eenzeg regelméisseg organiséiert Manifestatioun zum Thema Louwirtschaft a ganz Europa. Um Loufest gëtt d’Schläisse selwer, awer och aner Saache wéi forstlech Alternativen zur „Niederwaldbewirtschaftung“, d’Schleefe mam Päerd, Holzschnëtzaarbechten, vill Informatiounen zur Geschicht, den Traditiounen an de Produkter vun der Louheck, geféiert Wanderungen oder de Musée-Bus gewisen. [1]

[Änneren] Literatur

  • Broschure: D'Louhecken zu Lëtzebuerg. Administration des Eaux et Forêts, 2. Oplo 2006.
  • Alwin Geimer: Lohheckenland. - an: De Cliärrwer Kanton 1/2007, S. 29-36

[Änneren] Um Spaweck

[Änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Aner Sproochen