Wolfgang Hilbig

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wolfgang Hilbig, gebuer den 31. August 1941 zu Meuselwitz bei Leipzig, a gestuerwen den 2. Juni 2007 zu Berlin, war ee vun de grousse Schrëftsteller vun der däitschen Nokrichsliteratur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

An der éischter Hallschent vu sengem Liewen huet den Hilbig ënner anerem als Schlässer an Heizer an der DDR geschafft. 1981 gouf d'Amt Kultur beim Zentralkomitee vun der SED op en opmierksam, dat seng Schrëftstellerei ënner Beobachtung gestallt huet. 1985 krut den Hilbig d'Erlaabnes, fir ee Joer an d'Bundesrepublik Däitschland ze reesen. Mä nodeem datt säi Visa ofgelaf war ass en net zréck an d'DDR gaangen a lieft zanterhier zu Nürnberg.

De Wolfgang Hilbig ass u Kriibs gestuerwen.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Abwesenheit (Lyrikband, 1979)
  • Unterm Neomond (Erzielungen, 1982)
  • Alte Abdeckerei (Erzielung, 1991)
  • Grünes grünes Grab (Erzielungen, 1993)
  • Ich (Roman, 1993)
  • Die Arbeit an den Öfen (Erzielungen, 1994)
  • Das Provisorium (Roman, 2000)
  • Der Schlaf der Gerechten (Erzielungen, 2003)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]