Zéif

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zéiwe vum rietse Fouss

Zéiwe sinn, an der Anatomie vun den Déieren, en Deel vum Fouss, déi vum Fouss ofstinn a sech onofhängeg bewege loossen.

D'Zéiwe si meeschtens op der viischter Säit vum Fouss, mä et gëtt och Déieren, bei deenen sech d'Zéiwe säitlech oder um hënneschten Deel dovu sinn. Sou sëtzt z. B. beim Hond oder bei ville Vijelaarten d'Zéif hannen um Fouss, beim Bier z. B. sëtze se säitlech dovun.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch spillen d'Zéiwen eng wichteg Roll beim Goen, speziell awer beim Lafen. Si hëllefen, d'Gläichgewiicht ze halen. Bei Déiere kommen aner Funktiounen dobäi:

  • Bei Päerd zum Beispill huet déi mëttels Zéif komplett d'Roll vum Fouss iwwerholl, d'Päerd lafen op hirer mëttelster Zéif.
  • Bei aneren Déieren, wéi den Afen, ginn d'Zéiwe gebraucht fir ze gräifen. D'déck Zéif bei Afen huet déiselwecht Funktioun wéi de mënschlechen Daum.
  • Kaweechelcher gebrauchen hir Zéiwe mat schaarfen Neel fir ze klammen, andeems se sech mat den Neel an der Schuel vun engem Bam festkrallen.

Zéiwe beim Mënsch[änneren | Quelltext änneren]

De Mënsch huet fënnef Zéiwen un all Fouss. Déi bannenzeg Zéif gëtt "déck Zéif" (hallux) genannt, déi baussenzeg "kleng Zéif" (digitus minimus). Déi aner dräi hu kee speziellen Numm. Se gi vu bannen no baussen an "zweet", "drëtt" (och: "mëttelst") a "véiert Zéif" duerchnummeréiert ( I, II, III, IV a V). De Mënsch huet 14 Zéiweschanken an all Fouss; déi déck Zéif huet der zwou, déi aner Zéiwen hunn der dräi.

Op all Zéif ass en Zéiwennol (unguis).

Ausdréck[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Herrgott mat der décker Zéif halen - Et geet engem aussergewéinlech gutt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zéiwen – Biller, Videoen oder Audiodateien