Zoran Janković

Vu Wikipedia
Zoran Janković
Gebuer 1. Januar 1953
Nationalitéit Slowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
Educatioun Universitéit vu Ljubljana
Aktivitéit Politiker, Entreprener, Ekonomist

De Zoran Janković, Spëtznumm Zoki, gebuer den 1. Januar 1953 zu Saraorci bei Smederovo a Serbien, ass e sloweenesche Geschäftsmann a Politiker.

De Janković huet vun 1997 bis 2005 fir d'Handelschaîne Mercator geschafft, der gréisster Detail-Handelsketten a Slowenien. Hien huet d'Grupp zu der gréisster sloweenescher Entreprise ausgebaut, déi a ganz Südosteuropa aktiv ass. 2005 gouf hien aus dem Direktiounscomité vu Mercator entlooss.

Hie gouf 2006 Buergermeeschter vu Ljubljana a gouf 2010 erëmgewielt. Mat senger Partei Positiivt Slowenien huet hien am Dezember 2011 d'Parlamentswale gewonnen. Et ass him awer net gelongen, eng Koalitiounsregierung zesummenzesetzen, soudatt den 28. Januar 2012 de Janez Janša, President vun der Partei SDS, déi déi zweetmeescht Stëmme krut, Ministerpresident vun enger Mëtt-Riets-Regierung vu véier klenge Parteie gouf.

Am Mäerz 2012 gouf de Janković bei Neiwalen nees als Buergermeeschter vu Ljubljana gewielt, hie gouf den 11. Abrëll 2012 vereedegt.

Um Spaweck

Commons: Zoran Janković – Biller, Videoen oder Audiodateien