Op den Inhalt sprangen

Żabbar

Vu Wikipedia
Żabbar
Land Malta
Awunner 17.962
  31. Dezember 2024
Fläch 5,3 km²
Koordinaten 35°52'38"N, 14°32'17"O
Postcode ŻBR
Websäit https://localgovernmentdivisioncms.gov.mt/en/lc/Zabbar/Pages/default.aspx
Zabbar Sanctuary

Żabbar [ˈzɐbːɐr], och Ħaż-Żabbar, Città Hompesch oder Casal Zabbar genannt, ass mat 17.962 Awunner (Stand 31. Dezember 2024)[1][2] déi fënneftgréisst Stad op Malta.

Se grenzt u Birgu, Xgħajra, Fgura, Marsaskala, Żejtun, Bormla a Kalkara. Den Tiel Città Hompesch krut se vum leschte Groussmeeschter vum Uerde vun de Ritter vum Hellege Jang, dem Ferdinand von Hompesch zu Bolheim.

Wärend der brittescher Herrschaft sinn eng Rëtsch Forten a Batterien an der Géigend gebaut ginn: de Fort St Rocco, de Fort St Leonardo, d'Delle-Grazie-Batterie an d'Zonqor Batterie.

 Commons: Żabbar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://nso.gov.mt/population/world-population-day-11-july-2025/.