.csv (Dateiformat)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

.csv, ofgeleet vu Character Separated Values, ass d'Kennzeeche fir en Dateiformat dat d'Form vun enger Textdatei huet. Dëst Kennzeeche gëtt mat engem Punkt un den Numm vun enger Datei ugehaang, z. B.: Telefonadressen.csv. Et handelt sech ëm eng einfach strukturéiert Datei, ëm e Format, dat haaptsächlech gebraucht gëtt, fir Donnéeën tëscht zwéi Programmer z'iwwerdroen an auszetauschen, Programmen, déi mat eegenen Dateiformate schaffen, déi ënnereneen net kompatibel sinn. Dat ass z. B. de Fall, wann een Telefonkontakter per Kabel oder Bluetooth vun engem Handy op e Computer oder ëmgekéiert wëllt iwwerdroen. Et ass also e Format, dat eng Zwëschespäicherung vun Donnéeën erlaabt.
Déi eenzel Wäerter ginn duerch e speziellt Trennzeechen (e Komma oder Stréchpunkt z. B.) vuneneegehal.

An CSV-Dateie kënnen Tabellen oder Lëschte vun Date vu verschiddener Längt duergestallt ginn. Bei Windows ginn normalerweis déi eenzel Datesätz duerch en Zeilenëmbroch (engl: Carriage return) getrennt.

Dat gesäit da sou aus, wann de Komma als Trennzeeche benotzt gëtt:

Virnumm,Numm,Strooss,Uertschaft,Telefon
Jimmy,Zeyen,Europaplaz,Wuermer,235277
Lilly,Haupert,Kiirchestrooss,Ierpeldeng,869653
Jean,Baldauf,Ronnewee,Ettelbréck,253781

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Computerbegrëffer