1 Night in Paris

Vu Wikipedia
1 Night in Paris
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 2001
Première 2004
Dauer 62 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Rick Salomon
Dréibuch n/a
Fotografie Rick Salomon
Musek n/a
Produzent Rick Salomon
Schauspiller
Paris Hilton
Rick Salomon
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

1 Night in Paris ass e Pornofilm vum Rick Salomon, deen de 15. Juni 2004 erauskoum, awer wuel schonn 2001 am Hotel Bellagio zu Las Vegas gedréint gouf.

E gouf als éischt iwwer Internet als Download verkaaft a koum duerno op DVD eraus. En huet sech séier zu engem vun deene bekanntste pornographesche Filmer entwéckelt a gouf 2006 och am Fernsee am Erotikprogramm vu Premiere gewisen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Et war ursprénglech e private Film deen net sollt verëffentlecht ginn an deen d'Paris Hilton zesumme mat hirem deemolege Frënd Rick Salomon beim Geschlechtsverkéier a géigesäitegem Oralverkéier weist. Bis op e Grapp voll Zeenen ass alles mat "Nuechtsiicht" gefilmt.

E puer Zeene si spéider dacks parodéiert ginn, dorënner déi wärend där d'Paris Hilton op eemol d'Bett verléisst, fir bei hiren Handy ze goen dee schellt.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Paris Hilton no der Verëffentlechung ausgesot huet, si hätt net gewosst wat se gemaach hätt wéi se gefilmt gouf, gouf se vum Rick Salomon verklot wéinst Diffamatioun. D'Hilton huet dunn de Salomon op Schuedensersaz verklot a krut eng Entschiedegung vu 400.000 US-Dollar an eng weider Bedeelegung un de Profitter zougesprach.

D'Hilton huet duerch déi ganz Medienopmierksamkeet och bei den Aschaltquot vun hirer Reality Soap The Simple Life profitéiert, déi doropshin an d'Luucht goungen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: dräi AVN Awards an de Kategorië Best Selling Title of the Year, Best Renting Title of the Year a Best Overall Marketing Campaign
  • 2008: F.A.M.E. Award an der Kategorie Favorite Celebrity Sex Tape

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]