ADOX

Vu Wikipedia
ADOX-Firmeschëld

D'ADOX Dr. Schleussner Werke gouf 1860 zu Frankfurt am Main vum Dr. Carl Schleussner gegrënnt.

Et war déi éischt fotocheemesch Fabrick iwwerhaapt, an där um Ufank dréche Fotoplacke fabrizéiert goufen; e bësse méi spéit gouf do Fotopabeier produzéiert a vun 1903 un déi éischt Rollfilmer op Basis vun Zelluloid. Wéi déi drëtt Generatioun ënner dem Carl Adolf Schleussner um Rudder war, huet Adox ugefaangen, Fotoapparaten ze bauen.

1962 gëtt Adox un DuPont de Nemours verkaaft an duerno zougemaach. D'Patenter vum Pabeier an de Filmer sinn un déi jugoslawesch Firma Efke Fotokemika gaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]