Alliance internationale de tourisme

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) AIT)
Erënnerungsplack um Casino Lëtzebuerg.

D'Alliance internationale de tourisme, kuerz AIT, op Englesch International Touring Alliance, ass den eelsten Daachverband vun den Automobilsclibb an den Touring-Clibb mat Sëtz zu Genf an der Schwäiz. Am Joer 2002 hat d'AIT 140 Memberveräiner an 101 Länner.[1]

D'Alliance internationale de tourisme gouf de 4. August 1898 zu Lëtzebuerg am Casino Luxembourg ënner dem Numm Ligue internationale des associations touristes (L.I.A.T.) gegrënnt.[2] Den 30. Mee 1919 gouf d'Organisatioun op den haitegen Numm ëmbenannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. www.aitgva.ch, besicht de 5. Abrëll 2012.
  2. Eng Erënnerungsplack gouf den 21. August 1938 un der Nordfassad vum Casino ubruecht.