Abdelaziz Bouteflika

Vu Wikipedia
Abdelaziz Bouteflika
Gebuer 2. Mäerz 1937
Oujda
Gestuerwen 17. September 2021
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Algerien
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Revolutionär

Den Abdelaziz Bouteflika (Arabesch: عبد العزيز بوتفليقة), och alt Abd al-Aziz Bouteflika transkribéiert, gebuer den 2. Mäerz 1937 zu Oujda, dunn Franséische Marokko, a gestuerwen de 17. September 2021, war en algeeresche Politiker. Hie war vun Abrëll 1999 bis Abrëll 2019 President vun Algerien.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf Member vun der Front de libération national (FLN) an huet sech en Numm am Befreiungskampf géint Frankräich gemaach. No der Onofängegnkeet, 1962, gouf hien ënner dem President Ahmed Ben Bella Minister fir Jugend, Sport an Tourismus, an 1963 Ausseminister, wat hie bis 1979 blouf. 1974/75 war de Bouteflika President vun der UN-Generalversammlung.

1981 goung en an den Exil, fir Ermëttlunge wéinst Korruptioun aus dem Wee ze goen. Wärend dem Algeeresche Biergerkrich, vun Dezember 1991 un, huet de Bouteflika sech politesch zeréckgehalen a sech kaum nach an de Medie gewisen.

1999 gouf hien, als Nofollger vum Liamine Zéroual, als President vun Algerie gewielt. Hien hat op Bestriewe vum Generol Larbi Belkheir kandidéiert, deen em d'Ënnerstëtzung vum Militärs zougeséchert hat. Ufanks huet hien drops higeschafft de Biergerkrich op en Enn ze bréngen, ë. a. andeems en Islamisten, déi keng Gewaltdote begaangen haten, aus dem Prisong entloosse gelooss huet. De 16. September 1999 huet eng grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung sengem Friddensplang zougestëmmt. Den 29. September 2005 huet hien eng 'Charta fir de Fridden a fir d'national Reconciliatioun' stëmme gelooss, déi de Fridden op eng méi zolidd Basis stelle sollt.

Bei de Presidentschaftswale vum am 8. Abrëll 2004 a vum 9. Abrëll 2009 gouf hien allkéiers mat héijer Majoritéit erëmgewielt. Bei de Parlamentswale vum 10. Mee 2012 krut seng Partei zwar déi meescht Stëmmen, awer net méi d'absolut Majoritéit. Am Abrëll 2014 gouf de Bouteflika, deen zanter engem Schlag, 2013, gesondheetlech net méi gutt dru war, nach eng Kéier erëmgewielt (e puer Joer virdrun hat en d'Limitt vun zwee Mandater hannereneen ophiewe geloss).

Am Fong wollt hien 2019 nach eng Kéier kandidéiere fir als President erëmgewielt ze ginn; hien huet seng Kandidature dunn awer, no Protester, zeréckgezunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abdelaziz Bouteflika – Biller, Videoen oder Audiodateien