Adenosintriphosphat (kuerz ATP) ass en Nukleotid, also e Moleküll dat aus engem Kuelenhydrat, enger Nukleinbas an an dësem Fall 3 Phosphatgruppe besteet. Et ass de wichtegsten Energiespäicher an den Zellen. Et sinn déi 2 Phosphoanhydridbindunge (gréng ënnerluecht) déi vill Energie enthalen.
ATP gëtt beim Katabolismus produzéiert, haaptsächlech an der oyxdativer Phosphoryléierung a gëtt wärend dem Anabolismus verbraucht fir nei Moleküllen opzebauen awer och bei allen anere Prozesser déi Energie brauchen, z. B. beim Zesummenzéie vun de Muskelen.