Adobe Photoshop Lightroom

Vu Wikipedia
Logo

Adobe Photoshop Lightroom ass e Computerprogramm vun Adobe Systems dee sech primär u professionell Fotografe riicht, déi mat grousse Quantitéite Fotoen hantéieren, a se sou gutt wéi méiglech zortéieren an nees séier a sécher erëmfanne wëllen.

D'Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

2002 ass bei Adobe Systems ugefaange ginn un engem neie Projet ze schaffen, dee Shadowland genannt gouf.

Beta-Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Fassong gouf der Ëffentlechkeet op der Websäit vun Adobe Labs den 9. Januar 2006 virgestallt, a konnt erofgeluede ginn. Dat war eng Beta mam Numm Lightroom a war nëmme fir de Macintosh-Betribssystem. Et war dat déi éischt Kéier datt déi méiglech Clienten eng Beta-Versioun vun engem Adobe-Produkt konnte "mattesten".

Versiounekalenner[änneren | Quelltext änneren]

  • 2.1:
  • 2.2: 16. Dezember 2008
  • 2.2 - Camera Raw 5.2
  • 2.3 - Camera Raw 5.3 - Mäerz 2009
  • 2.4 - Camera Raw 5.4 - 26. Juni 2009
  • 2.5 - Camera Raw 5.5 - 15. September 2009

Den 22. Oktober 2009 gouf eng ëffentlech Beta-Versioun vu Lightroom 3 virgestallt.

Den neie Look[änneren | Quelltext änneren]

Fotoformater, déi vu Lightroom verschafft ginn[änneren | Quelltext änneren]

Déi fënnef Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Library[änneren | Quelltext änneren]

Direkt beim Luede vun enger oder vu méi Fotoen, sief et vun engem Fotoapparat, enger Späicherkaart oder vun enger Datei vum eegenen Harddisk, loosse sech Nativ RAW-Dateie vun deene meeschte Marken, oder JPG, TIFF oder PSD an d'DNG, als digitaalt Negativ, konvertéieren a späicheren. Beim Import ass et méiglech, d'Biller op villerlee Manéieren ze zortéieren oder s'ëmzenennen, fir se méi spéit besser kënnen opzeruffen.

Develop[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass den eigentlechen "Atelier", an deem e Bild mat Hëllef vun engem Faarfhistogramm iwwerschafft gëtt.

  • Den Tounwäertëmfank vun enger RAW-Datei, mat 16 Bit jee Faarfkanal, léisst sech op 8 bit reduzéieren.
  • De Wäissausgläich an d'Faarftemperatur
  • D'Beliichtung léisst sech, opgedeelt a Spëtzeliichter a Schieter mat der Hellegkeet an dem Kontrast änneren.
  • Mat Hëllef vun enger Tounlinn, déi sech béie léisst, loosse sech déi hell Partien, déi däischter an d'Schieter eenzel verschaffen.
  • D'Stäerkt, d'Siedegung an d'Luminanz vun aacht verschiddene Faarwe loosse sech eenzel astellen.
  • An der Sektioun "Detail" loosse sech d'Biller méi schaarf maachen, an d'Bildrausche léisst sech duerch Luminanz- a Ännerungen an der Faarf selwer reduzéieren.
  • Mat rout/cyan oder blo/giel Réckelen ass et méiglech, chromatesch Objektivfeeler ze verbesseren.
  • Am Fall vu Lënsevignettéierung, wann d'Ecke vun de Biller méi däischter sinn, erlaabt Lightroom et, d'Quantitéit z'änneren an de Liichtduerchfall vum optesche Mëttelpunkt z'änneren.
  • D'Faarfkalibréierung vum Fotoapparat selwer léisst sech änneren, duerch d'Verstelle vun den dräi Faarwen, rout, giel a blo an zousätzlech duerch d'Ännere vun der Duerchzeechnung vun de Schieter.

Slideshow[änneren | Quelltext änneren]

Print[änneren | Quelltext änneren]

Web[änneren | Quelltext änneren]

Sécherheet[änneren | Quelltext änneren]

Dobäi ass ze bemierken, datt de Programm ni un d'Originaldatei kniwwele geet. Lightroom verschafft ëmmer Kopien! Op déi Manéier ass de Fotograf absolut sécher, datt näischt u säin Original komme kann.

Aktualiséierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Versioun 1.4 ass de 14. Mërz 2008 vun Adobe publizéiert ginn.

D'Konkurrenz[änneren | Quelltext änneren]

De Präis[änneren | Quelltext änneren]

De Präis fir eng Vollversioun läit ronderëm 300 €.

Fir besser eens ze ginn[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Evening: The Adobe Photoshop Lightroom Book, 1. Oplo, Peachpit, Pearson Education, Inc. 2007 (en)
  • Martin Evening: Adobe Photoshop Lightroom. Handbuch für Fotografen, Oktober 2007, Addison-Wesley, München. Iwwersat vun der Claudia Koch an der Kathleen Aermes. (de)