Airbrush

Vu Wikipedia
Den "Aerograph Super 63"

Airbrush ass den engleschsproochegen Ausdrock fir Sprëtzpistoulen, déi an der Graphik gebraucht ginn. Méi grouss Sprëtzapparater, déi industriell agesat ginn, gi spray gun genannt.

Wéini d'Sprëtzpistoul genee erfonnt gouf, ass net méi zeréckzeverfollegen. Un der Entwécklung vun der moderner Airbrush-Sprëtzpistoul waren zwee Leit entscheedent bedeelegt.

De Burdick a säin Aerograph[änneren | Quelltext änneren]

Den Charles L. Burdick, e gebiertegen Amerikaner, hat sech am Londoner italieenesche Quartier Clerkenwell néiergelooss a seng Firma Fountain Brush gegrënnt. Ier en an Europa koum, hat hien an Amerika d'Sprëtzpistoul erfonnt, a se 1893 an England patentéiere gelooss.

Den Aerograph, wéi hie säin Apparat genannt huet, war technesch scho ganz wäit entwéckelt. En hat eng Faarfdüs aus Platin, mat enger Lachbuerung vun 0,18 mm, déi konnt ausgewiesselt ginn. D'Faarfdëppche war am Gehais.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Airbrush – Biller, Videoen oder Audiodateien