Airbus A310

Vu Wikipedia
A310-300 vu S7 Airlines

Den Airbus A310 ass ee zweestralege Fliger vum europäesche Fligerbaur Airbus. Dëse Fliger, dee fir Mëttel- a Langstreckevole konzipéiert gouf, hat säin Éischtfluch den 3. Abrëll 1982. Am Juli 2007 gouf mat der Produktioun vum A310 zesumme mat där vum A300 opgehalen.

Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

A310-200 vu Pan Am
  • A310-100: Eng geplangt Kuerzstreckeversioun, déi awer ni realiséiert gouf.
  • A310-200: Éischt gebaute Versioun vum A310, ufanks ouni Winglets a mat bis zu 280 Plazen.
  • A310-200C: Bei dëser Versioun kennen d'Sëtzer erausgeholl ginn an de Fliger sou vun engem Passagéierfliger zu engem Frachtfliger ëmgebaut ka ginn.
  • A310-200F: Eng reng Frachtversioun vum A310, déi awer ni nei verkaaft gouf.
  • A310-300: Weiderentwéckelung vum A310-200 mat enger méi grousser Reechwäit.

Technesch Donnéën[änneren | Quelltext änneren]

Kenngréisst A310-200 A310-200F A310-300 A310-300F
Besatzung 2
Längt 46,66 m
Héicht 15,8 m
Spanwäit 43,90 m
Rumpfduerchmiesser 5,64 m
Sëtzplazen 240 33 Tonne Fracht 240 33 Tonne Fracht
MTOW 141.974 kg 164.000 kg *
Eidelgewiicht 80.142 kg 72.400 kg 83.100 kg 73.900 kg
Tankkapazitéit 55.200 Liter 75.470 Liter
Reesvitess 850 km/h
Héchstvitess (M) 901 km/h
Fluchhéicht 12.300 m (41.000 ft)
Schub (lb) 50.000-53.200 56.000-59.000
Motoren PWJT9D-7R4 oder CF6-80C2A2    PW4156A oder CF6-80C2A8   
Reechwäit 6800 km 5560 km 9630 km 7330 km

Verkafszuelen a Benotzer[änneren | Quelltext änneren]

A310-200F vu FedEx
Zuelen
Airbus A310-200/-300
Bestellungen 255
Ausliwwerungen 255
A Betrib 214
Déi gréisst Keefer vum Airbus A310
Airbus A310-200/-300
Singapore Airlines 23
Lufthansa 20
Pan Am 18
Turkish Airlines 14
Déi gréisst Bedreiwer vum Airbus A310
Airbus A310-200/-300
FedEx 66
Air Transat 14
Air India 10
PIA 13
(Stand: 1. September 2009) [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Airbus A310 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zuelen iwwer den Airbus A310