Airbus A320-Famill

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Airbus A319)
Airbus A320, A319 an A321 (vun hannen no vir) vun der Lufthansa

Zur Airbus A320-Famill gehéieren 4 Fligerbaureie vum europäesche Fligerbauer Airbus. Den A320 ass déi éischt Versioun vun dëser Famill an zugläich och Basismodell. A318 an A319 si gekierzte Versiounen an den A321 eng gestreckte Versioun vum A320. Den éischten A320 gouf 1988 ausgeliwwert. Den A320 gehéiert zu den erfollegräichste Fligere mat 6415 Bestellungen a 4013 Ausliwwerungen (Stand: 30. September 2009)[1].

Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

A318[änneren | Quelltext änneren]

Airbus A318 vun Air France

Den A318 ass de klengsten Airbus dee bis haut geflunn ass. Et ass ee Kuerzstreckefliger.

  • A318-100: Versioun mat 107 Plazen (2 Klassen) oder 117 Plazen (1 Klass)
  • A318 Elite: luxuriéis VIP-Versioun vum A318

A319[änneren | Quelltext änneren]

  • A319-100: Versioun mat 124 Plazen (2 Klassen) oder 142 Plazen (1 Klass) oder speziell fir easyJet eng Versioun mat 4 Noutausgäng an doduerch 156 Plazen
  • A319CJ/ACJ: den A319 CJ, oder Airbus Corporate Jetliner, kuerz ACJ, ass ee Firmeshuttle, deen och vu Regierungen (Italien, Tierkei, Tschechien a Brasilien) a private Clientë benotzt gëtt.
  • A319LR: Long Range-Versioun vum ACJ mat enger Reechwäit vun 8.250 km bei 48 Passagéier

A320[änneren | Quelltext änneren]

Am A320 hunn tëscht 150 a 180 Passagéier Plaz. Et ass de Basismodell vun der A320-Famill.

  • A320-100: Den A320-100 hat säin Éischtfluch den 22. Februar 1987 an 1988 gouf déi éischt Maschinn un Air France ausgeliwwert. Vun dëser Versioun goufe just 21 Exemplare gebaut, well e keng Winglets hat.
  • A320-200: Den A320-100 gouf relativ séier vum A320-200 ersat well dëse Winglets huet an och eng gréisser Reechwäit huet. E gouf ganz séier zu enger eeschter Konkurrenz fir d'Boeing 737-400 a verkeeft sech och besser wéi d'737-800. Den A320-200 kascht zirka 60,8 Milliounen US-Dollar.
  • A320 Prestige: luxuriéis VIP-Versioun vum A320
  • A320 Enhanced: Den A320 Enhanced (oder A320E) ass eng iwwerschafft Versioun vum A320-200 mat 5 % manner Betribskäschten déi nach an der Testphase ass.

A321[änneren | Quelltext änneren]

Am A321 fannen tëscht 186 an 220 Passagéier Plaz. Am Februar 2009 gouf déi 500. A321 un Air France ausgeliwwert.

  • A321-100: Dës Versioun gouf duerch déi geréng Reechwäit just a klenge Stéckzuele verkaaft a gouf kuerz drop vum A321-200 ersat.
  • A321-200: Dës Versioun hat hiren Éischtfluch 1996 an eng zum A321-100 erhéicht Reechwäit vu 5500 km. De Fliger kascht ëm déi 72,0 Milliounen US-Dollar.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Kenngréisst A318-100 A319-100 A320-100 / -200 A321-100 / -200
Längt: 31,45 m 33,84 m 37,57 m 44,51 m
Spannwäit: 34,1 m
Durchmiesser: 3,96 m
Héicht: 12,56 m 11,76 m
Drofligelfläch: 122,6 m²
Maximalt Startgewiicht: 68.000 kg 75.500 kg 77.000 kg 93.500 kg
Startstreck: 1.355 m 1.950 m 2.090 m 2.180 m
Reesegeschwindegkeet: 840 km/h
Passagéier: 107 bis 133 124 bis 159 150 bis 180 185 bis 220
Reechwäit: 2.700 bis 5.950 km 3.350 bis 6.800 km 4.800 bis 5.700 km 4.400 bis 5.600 km
Tank: 23.860 l 23.860 l bis 29.840 l -100: 23.700 l / -200: 29.680 l
Passagéierdieren: 4 4 4 4
Noutausgäng: 2 ufanks 2, duerno 4 4 4
Fluchhéicht: 12.130 m
Verbrauch: 2.400 l 2.600 l 2.700 l 2.900 l
Motoren:  2 CFMI CFM56-5B
mat jee 105,9 kN
oder
2 Pratt & Whitney PW6122A
mat jee 96 kN
 2 CFMI CFM56-5A
mat jee 104,5 kN
oder
2 IAE V2527-A5
mat jee 104,5 kN
 2 CFMI CFM56-5A3
mat jee 118 kN
oder
2 IAE V2527-A5
mat jee 118 kN
 2 CFMI CFM-56-5B3
mat jee 142,3 kN
oder
2 IAE V-2533-A5
mat jee 146,8 kN
Éischtflug: 15. Januar 2002 25. August 1995 22. Februar 1987 -100: Mäerz 1993 / -200: 1996

Verkafszuelen a Clienten[änneren | Quelltext änneren]

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Stand: 29. Februar 2008[2]

A318 A319 A320 A321 Am Ganzen
Präis (a Milliounen US-Dollar) 56,0 bis 62,1 63,3 bis 77,3 73,2 bis 80,6 87,7 bis 92,8
Bestellungen 91 1591 3723 707 6112
Ausliwwerungen 54 1051 1861 434 3400
A Betrib 52 1050 1828 433 3365

Déi gréisst Keefer vun der Airbus A320-Famill[änneren | Quelltext änneren]

Stand: 29. Februar 2008[2]

A318 A319 A320 A321
Air France 18 easyJet 227 ILFC 204 ILFC 82
LAN Airlines 15 ILFC 153 AirAsia 175 US Airways 65
GECAS 12 Northwest Airlines/GECAS 82 jetBlue Airways 173 Lufthansa 61
Frontier 9 United Airlines 78 GECAS 163 IndiGo/China Southern 30

Déi gréisst Bedreiwer vun der Airbus A320-Famill[änneren | Quelltext änneren]

Stand: 29. Februar 2008[2]

A318 A319 A320 A321
Air France 18 easyJet 109 jetBlue Airways 106 Lufthansa 32
LAN Airlines 15 US Airways 93 United Airlines 97 US Airways 28
Frontier Airlines 11 Northwest Airlines 57 TAM Linhas Aéreas 81 Alitalia/China Southern Airlines 23
Mexicana 10 United Airlines 55 US Airways 75 Iberia 19

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Airbus A320-Famill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vu Bestellungen an Ausliwwerungen
  2. 2,0 2,1 2,2 Bestellungen an Ausliwwerunge vun der Airbus-A320-Famill