Ajvar
Ausgesinn

Ajvar (am kyrilleschen Alphabet op Mazedonesch: ајвар, op Serbesch: ајвар, op Bulgaresch: айвар), ass e Kascht op Basis vu Paprika, deen an der Kiche vun de Länner vum fréiere Jugoslawien, an doriwwer eraus vum Balkan, geleefeg ass.
Dofir gi rout Paprikascheeken, gebak, geschielt, entkäert an dann op duussem Feier, zesumme mat Ueleg, zu engem déckflëssege Mous verkacht. Jee nodeem wéi schaarf een e gär hätt, kënnt Chilipeffer derbäi, oder och soss Gewierzer wéi Knuewelek.
Ajvar ësst ee kal op der Schmier, oder als Zooss vun engem Plat.