Albert Knapp

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Albert Knapp

Den Albert Knapp (* 25. Juli 1798 zu Tübingen, † 18. Juni 1864 zu Stuttgart) war en däitschen Dichter an evangelesche Geeschtlechen. Hie war de Grënner vum éischten Déiereschutzveräin an Däitschland.

Vun 1845 bis zu sengem Doud war en als Nofolger vum Gustav Schwab éischte Paschtouer vun der Leonhardskierch zu Stuttgart. Hien huet ongeféier 1200 Gedichter geschriwwen an 1837 am "Evangelischen Liederschatz für Kirche und Haus" eng Auswiel vu bal 4000 Lidder verëffentlecht.

De 17. Juni 1837 huet hien den éischten Déiereschutzveräin vun Däitschland gegrënnt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Knapp, Albert, Evangelischer Liederschatz für Kirche, Schule und Haus. Eine Sammlung geistlicher Lieder aus allen christlichen Jahrhunderten gesammelt und nach den Bedürfnissen unserer Zeit bearbeitet. 2., ganz iwwerschafften Oplo, J. G. Cotta, Stuttgart an Tübingen, 1850.
  • Christian Adam Dann, Albert Knapp, Wider die Tierquälerei: frühe Aufrufe zum Tierschutz aus dem württembergischen Pietismus. - Leipzig: Evangel. Verl.-Anst., 2002. - (Kleine Texte des Pietismus; 7). - ISBN 3-374-01988-9

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Knapp, Martin, Albert Knapp als Dichter und Schriftsteller., Brandstetter, Leipzig, 1912.
  • Parent, Ulrich, Albert Knapps "Evangelischer Liederschatz" von 1837, LAng, Frankfurt a.M., 1987.
  • Roeßle, Julius, Albert Knapp, Schmitz, Giessen, 1947.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Albert Knapp – Biller, Videoen oder Audiodateien