Algorithmus

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner engem Algorithmus versteet een eng prezis Beschreiwung vun enger endlecher Prozedur zur Léisung vun engem Problem.

Am dagdeegleche Liewe loosse sech liicht Beispiller fir Algorithme fannen: Zum Beispill ass e Kachrezept een Algorithmus, wann d'Rezept ausféierlech genuch beschriwwen ass.

Algorithme loosse sech duerch Pseudocode, Flossdiagrammen oder Struktogrammen duerstellen.

De Begrëff Algorithmus geet zeréck op den arabesche Mathematiker Mohammed ibn Musa abu Djafar al Khowarizmi (zirka 783-850) a säi Buch: Kitab al muhtasar fi hisab al gebr we al muqabala.

Eegenschafte vun Algorithmen[änneren | Quelltext änneren]

Abstraéirung[änneren | Quelltext änneren]

An der Reegel léist een Algorithmus eng Klass vu Problemer, woubäi d'Auswiel vum Problem duerch d'Eingabe bestëmmt gëtt.

Determinéiertheet[änneren | Quelltext änneren]

Algorithme sinn an der Reegel determinéiert, dat heescht mat de selwechte Viraussetzungen (gläicher Eingabe a Startzoustand) gëtt ëmmer dat selwecht Resultat geliwwert. Eng Ausnam si randomiséiert Algorithmen, bei deenen d'Resultat an enger gewësse Mooss op Zoufall berout.

Finitheet[änneren | Quelltext änneren]

Een Algorithmus muss an engem endlechem Text beschreifbar sinn, also eng endlech Längt hunn.

Terminéierung[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng si just Algorithmen interessant, déi no enger endlecher Zuel vu Schrëtt ee Resultat liwweren.

Determinismus[änneren | Quelltext änneren]

Een Algorithmus ass deterministesch, wann zou all Zäitpunkt vu senger Ausféierung héchstens eng Méiglechkeet besteet fir weider ze maachen.

Klassifikatioun vun Algorithmen[änneren | Quelltext änneren]

Algorithme loosse sech no verschiddene Krittäre klassifizéieren. Een übleche Krittär ass hir Lafzäit. Sou ënnerscheet en zum Beispill Algorithme mat follgende Lafzäiten (notéiert an der Landau-Notatioun):

  • konstant
  • logaritmesch
  • lineär
  • iwwerlineär
  • quadratesch
  • polynomiell vom Grad
  • exponentiell

E puer Algorithmen[änneren | Quelltext änneren]

Zortéieralgorithmen[änneren | Quelltext änneren]

Graphalgorithmen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Algorithms – Biller, Videoen oder Audiodateien