Aménagement du territoire zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Ënner Aménagement du territoire (och Raumplanung) ginn Direktive verstane bei deenen de geographesche Raum no sengen natierlechen, wirtschaftlechen a soziale Méiglechkeeten analyséiert gëtt fir e geziilt ze benotzen. Eng vun de prinzipiellen Ufuerderungen un d'Raumplanung ass den Ëmgang mam Buedem, fir Flächen an Hisiicht vu hiren eegenen Uspréch an deene vun de politeschen Ziler, ze koordinéieren. Déi Koordinatioun geschitt parallel op zwéin Niveauen.

Um horizontalen Niveau sollen an der Raumplanung déi vereenzelt politesch Secteuren integréiert ginn, virun allem do wou d'Benotze vum Buedem eng wichteg Roll spillt wéi z. B. am Transport, an der Ekonomie, an der Ëmwelt, am Urbanismus, an an der ländlecher Entwécklung.

Um vertikale Niveau mécht Raumplanung de Lien tëscht den Interventiounen op nationalem, regionalem, a kommunalem Niveau.

Do donieft ass d'Kooperatioun an d'Koordination op europäeschem an internationalem Niveau och fundamental Aufgab vun deem Fachgebitt.

Programmer a Pläng zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Um nationalen Niveau zielt de Programme directeur an d'Plans sectoriels.
  • Um regionalen Niveau gëtt et d'Plans Régionaux.
  • Um kommunalen Niveau gëtt et d'Plans d'Aménagement Généraux(PAG),an d'Plans d'Aménagement Particuliers (PAP).

Als weider Ënnerrubrike sinn ze nennen:

  • Naturparken
  • Iwwerschwemmungsgebidder
  • Groussregioun
  • Programmer vun der Europäescher Unioun
  • International Initiativen

Raumplanung studéieren[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumplanung als Fachgebitt gëtt op villen techneschen Universitéiten als en eegene Studiegang, souwéi am Kader vun anere Studiegäng wéi Architektur, Geographie oder a Buedemkultur, an och op der Universitéit Lëtzebuerg als "Formation continue en aménagement du territoire" ugebueden. D'Fachgebidder Raumuerdnung, Stad- a Landschaftsplanung sti mat der Raumplanung a staarker Relatioun.