Ana Brnabić

Vu Wikipedia
Ana Brnabić
Gebuer 28. September 1975
Belgrad
Nationalitéit Serbien
Aktivitéit Politiker, Ekonomist

D'Ana Brnabić (Ана Брнабић), gebuer den 28. September 1975 zu Belgrad, ass eng serbesch Politikerin.

Si ass zanter dem 29. Juni 2017 nei Premierministesch vu Serbien.

D'Ana Brnabić huet hire Studium op der University of Hull mat engem MBA ofgeschloss. Dono huet se fir verschidden international Organisatioune geschafft, dorënner d'United States Agency for International Development (USAID), Entwécklungsagencen an a staatleche serbeschen Entreprisen.

Am August 2016 gouf si Ministesch vun der Fonction publique a vun der kommunaler Selbstverwaltung. Ausserdeem ass si Presidentin vum Comité fir innovatiivt Entrepreneuriat an Informatiounstechnologie, vun deem fir national Minoritéiten a stellvertriedend Presidentin vum Comité fir d'Verwaltungsreform.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ana Brnabić – Biller, Videoen oder Audiodateien