André Greipel

Vu Wikipedia
André Greipel
Gebuer 16. Juli 1982
Rostock
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Vëlossportler
Positioun oder
Spezialitéit
Sprinter
Gréisst 184 Zentimeter
Gewiicht 82 kg
Veräin/Ekipp Fortuneo-Samsic,
Thüringer Energie,
Wiesenhof-Felt,
T-Mobile,
HTC-Highroad,
Lotto-Soudal,
Cycling Academy

Den André Greipel, gebuer de 16. Juli 1982 zu Rostock, ass en däitsche professionelle Vëlossportler.

2011 ass hie fir d'Ekipp Omega Pharma-Lotto gefuer.

De Greipel ass als Sprinter bekannt, an huet 2008 vu sech schwätze gedoen, wéi en den Tour Down Under an eng Etapp vum Giro d'Italia gewonnen huet.

An der Vuelta konnt hie 4 Etappe fir sech entscheeden an 2011 huet e knapps virum Mark Cavendish déi zéngt Etapp vum Tour de France mat Arrivée zu Carmaux, am Sprint gewonnen.

Am Tour de Luxembourg 2012 huet hien déi éischt an déi zweet Etapp gewonnen.